Autofestival 2019 Veronsécherung bei de Keefer?

Wat erwaarden d'Garagiste sech vum Autosfestival 2019? Wéi een Afloss op d'Kafverhale kéinten déi ugekënnegt méi héich Spritbesteierung an déi ugekënnegt staatlech Primm fir Elektroautoen hunn?

Serge Kesseler / cbi

Autoen
Et kommen ëmmer méi Elektroautoen op de Marché, seet de Philippe Mersch. Foto: Bigstock / Virrage Images.

Ënner den iwwer 52.800 neien Autoen, déi 2018 hei am Land ugemellt goufen, ware knapp 1.800 Hybridautoen a 430 reng Elektroautoen. Dat waren 3,4 respektiv 0,8 Prozent vun den Neiumeldungen.

"Produite ginn ëmmer besser"

Datt dës Zuele klamme wier eent vun den Ziler vum Autosfestival dëst Joer, erkläert de Philippe Mersch. Et wéilt ee mat den elektreschen a Plugin-Hybridautoen duerchbriechen. "Et gëtt Zäit, et kommen ëmmer méi Produiten op de Marché." Weider wéilt ee mat de bestoende Bensin- an Dieselmodeller d'Leit iwwerzeegen, "datt d'Produiten ëmmer besser ginn, datt se propper sinn".

De Philippe Mersch war bis elo President vun der FEGARLUX, der Federatioun vun de Garagisten, déi Enn vum leschte Joer mat der Associatioun vun den Autodistributeure fusionéiert hat. Zesumme mam ADAL-President vu bis elo, dem Benji Kontz, ass de Philippe Mersch fir déi nächst Méint Co-President vun der neier Federatioun FEDAMO.

Primm fir Elektroautoen ass wëllkomm

De Minister Claude Turmes huet gesot, datt déi ugekënnegt Primm fir Elektroautoen am Regierungsrot kéint decidéiert ginn. De Secteur hofft op eng verstäerkten Ënnerstëtzung duerch d'Regierung an dësem Beräich. Fir de Philippe Mersch ass den Abattement fiscal, deen et zanter zwee Joer gëtt, net duer gaange fir de Client z'iwwerzeegen.

Zur annoncéierter Erëmaféierung vun enger Primm fir d'Keefer vun Elektroautoen hat de Benji Kontz d'lescht Woch um Bord vun der Presentatioun vum Autosfestival 2019 gesot, et sollt een et dem Client esou schmackhaft wéi méiglech maachen. Et géif een d'Avantagen haut vläicht nach net alleguer gesinn, an dowéinst wier eng Primm "ganz sécher wëllkomm".

Wéi een Auto passt bei mech?

All Autosmotoriséierung géif engem Typ vu Konsument entspriechen, huet de Benji Kontz och nach explizéiert: eng perfekt Motoriséierung fir jidderee géif et net ginn. Dowéinst kéint een och net vu schlechter oder gudder Motorisatioun schwätzen.

Wéinst dem Dieselskandal an den Diskussiounen doriwwer, wéi eng Motoriséierung méi oder manner schiedlech fir d'Ëmwelt ass, gëtt et wuel bei ville potentielle Keefer eng Veronsécherung.

Natierlech géifen d'Leit sech Froe stellen, wéi eng Motoriséierung si solle kafen, esou de Benji Kontz. Et géif vill Desinformatioun a Populismus bedriwwe ginn, haaptsächlech am Ausland. "Dee Moment ass et schonn normal, datt ee sech déi Fro stellt, als Consommateur." D'Verkeefer an de Garage wiere forméiert an hätten d'Informatiounen, déi wichteg si fir de Consommateur.

Steierhausse fir Bensin an Diesel: Net spektakulär

D'Pläng vun der Regierung fir Bensin an Diesel an den nächste Jore méi héich ze besteieren, dierft de Vertrieder vum Autossecteur no keen ze groussen Afloss op d'Geschäft hunn. De Philippe Mersch geet dovunner aus, "datt mir dat zu Lëtzebuerg wäerte schlécken". D'Haussë wieren net besonnesch spektakulär, besonnesch am Verglach mam Ausland, fënnt hien.

Fir de Benji Kontz ass d'Präiserhéijung eppes, wat een iwwerall beobachte kéint. Et géif een dann och éischter un de System vum Pollueur-payeur kommen, mee "dat ass eppes, wat eis u sech net stéiert".

Unzuel vun Dieselautoe reduzéieren

Am Kapitel am Koalitiounsaccord iwwer d'Loftqualitéit steet d'Zil vun der Regierung fir eng séier a substantiell Reduktioun vum Dieselundeel am Autosfuerpark z'erreechen. Schonn d'lescht Joer goufen hei am Land liicht méi nei Bensins- wéi nei Dieselautoen ugemellt, wéi de Manuel Rugiu, Directeur opérationnel vun der SNCA präziséiert.

Beim Gesamtfuerpark huet den Dieselauto awer nach ëmmer een Undeel vu ronn 62 Prozent. De Bensinner huet hei am Land een Undeel vu ronn 37 Prozent.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Claude Turmes
Landesplanung

De Claude Turmes rechent domadder, datt virum Enn vum Joer déi sektoriell Pläng a Kraaft trieden. No Consultatioune wäerten déi véier Pläng nach eemol adaptéiert ginn, an zeréck un de Staatsrot goen.

"Super Charger"-Borne
Mobilitét

A Kanada geet et a Saachen Elektromobilitéit éischter lues virun. Dobäi hätt de Staat vill Potential, mengen Experten. Wéi eng Moossname ginn et schonn? A wéi eng misst een encouragéieren?

Luedstatioun
Elektromobilitéit

Bis 2020 sollen 800 nei Luedstatioune fir Elektroautoen zu Lëtzebuerg opgeriicht ginn. Nächste Mount fänkt d’Installatioun un. Geet d'Infrastruktur duer, fir d'Elektromobilitéit richteg ze lancéieren?

Autoen
Ekologesch Rotschléi fir den Autosfestival

Brauch een all véier Joer en neien Auto? Oder ass deen Alen nach gutt? Aus ekologesche Grënn sollt ee sech déi Fro virum Autosfestival stellen - seet den Thierry Lagoda vum Oekozenter Pafendall. 

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen