arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhandlunge fir Sozialplang bei RTL Group

Restrukturéierungen

|
reading time

3 min

Verhandlunge fir Sozialplang bei RTL Group

D'Verhandlungen tëschent der Direktioun an der Personaldelegatioun ëm de Sozialplang stinn un. Déi dierfte schwiereg ginn a sprengen elo schonn de Kader vun normale Verhandlunge fir e Sozialplang.

reading time

3 min

  • Enn August hat d'Direktioun vun RTL Group dem Personal matgedeelt, datt d'Mammenhaus vun de Lëtzebuerger RTL-Medien eng Restrukturéierung vu senger Verwaltung plangt.
  • D'Zuel vun de Mataarbechter soll vu ronn 100 op 50 reduzéiert ginn, an der dovu 35 op Köln verlagert ginn, huet et deen Ament geheescht.

Zanter datt RTL dem Personal Enn August ukënnegt hat, Plazen um Siège vum Grupp ofzebauen, ass d'Zuel vun de Plazen, déi verschwanne solle geklommen, wéi de Pit Schreiner vum OGBL erkläert. Am Ufank wier vu 85 Plaze rieds gaang. An Tëschenzäit wier matgedeelt ginn, datt ee 94 vun den 112 Leit entloosse wéilt.

Esou steet dat an der Invitatioun fir d'Verhandlunge fir de Sozialplang unzefänken. Deemno géife bei RTL Group SA, dem Mammenhaus vun den RTL-Aktivitéiten a ganz Europa, herno nach 18 Leit schaffen.

Wéi vill Leit si wierklech betraff?

Esou stellt RTL dat awer a senger Kommunikatioun net duer. Doran geet rieds vun 192, déi fir de Corporate Center géife schaffen. Wann der vun deene 50 ofgebaut géifen a 44 op Köln verlagert géife ginn, wieren et herno nach 98 Leit, déi fir de Corporate Center hei zu Lëtzebuerg géife schaffen.

Dat ass awer formal falsch, well de besote Corporate Center ass keng Firma, déi ee Sozialplang kéint ënnerschreiwen, a vun deene Leit sinn der 80 bei der Lëtzebuerger Entitéit CLT-Ufa agestallt. Déi ass net vum Sozialplang betraff.

Kontrakt tëschent Staat an RTL ass net komplett ëffentlech

Datt dëst keen normale Sozialplang ass, huet och mam Vertrag ze dinn, deen d'Regierung mat RTL ënnerschriwwen huet, an dee just deelweis public ass. Deen Deel, dee festhält, zu wéi enge Konditiounen dat gréisst Reklamme-finanzéiert europäesch audiovisuellt Medienhaus säi Siège hei zu Lëtzebuerg féiert fir am Géigenzuch Sendefrequenzen a Finanzhëllefe fir de Lëtzebuerger Tëleesprogramm ze kréien, ass net ëffentlech.

Fir den OGBL-Sekretär Pit Schreiner stellt sech d'Fro, ob déi "Spillreegelen, déi tëschent Staat an RTL festgehale sinn, iwwerhaapt nach agehale ginn", wann den Headquarter RTL Group SA just nach aus 18 Leit géif bestoen.

Keng Kontrollmechanismen

Och Deputéiert an der Chamber kruten eisen Informatiounen no déi Passagen net gewisen, an deenen d'Engagementer vun RTL fir de Siège festgehale sinn. Dat obwuel an der leschter Reunioun vun der Mediekommissioun Mëtt September vun de Restrukturéierungspläng bei RTL rieds war. Si kënnen also och net kontrolléieren, wéi eng Obligatiounen et fir RTL de Moment gëtt, an ob se no der geplangter Restrukturéierung nach agehale ginn.

Den OGBL wéilt der Direktioun nach eemol matdeelen, datt si dee Plang sous Reserve géife verhandelen, well d'Gewerkschaft net géif wëssen, ob dat nach an Aklang ass mat der Konventioun, déi tëschent dem Staat, RTL a Bertelsmann als gréissten Aktionär, ënnerschriwwe gouf.

Vun en Dënschdeg u bleiwe 15 Deeg fir zu engem Accord ze kommen, soss mussen d'Parteien de Conciliateur informéieren. An der Chamber huet de Sven Clement, Deputéierte vun de Piraten, dee bei der leschter Reunioun net dobäi war, de Premier Xavier Bettel nach emol an d'Mediekommissioun invitéiert an eng Question parlementaire gestallt, fir no de Konditioune fir de Siège vun RTL ze froen. De Xavier Bettel hat Enn August gesot, hie géif keng Gefor fir de Siège gesinn.