Déi eelef Doudeg waren am Alter tëscht 54 a 97 Joer, dorënner zwee Bridder an eng Koppel. Keng Kanner sinn an der Masseschéisserei an der Synagog erschoss ginn, mee sechs aner Léit goufe verletzt, dorënner dräi Polizisten. An op mannst dräi verschiddene Reim huet e Mann mat engem Gewier a mat dräi Pistoule Leit op engem Samschdeg Moien erschoss. D'Police hat Problemer hien ze stoppen, mee huet hie verhaft nodeems hie selwer ugeschoss gouf. De presuméierten Täter David Bowers ass elo wéinst Mord ugeklot ginn.
E Motiv ass nach net vun den Autoritéiten annoncéiert ginn an den FBI sicht weider no Indicen. D'Analys vum Gebai kéint eng ganz Woch daueren, sou FBI-Responsabeler. Nieft Zeienaussoen, géif ee sech bei senge Recherchen och op digital Medie fokusséieren, fir erauszefannen, firwat de Bowers déi schlëmm Dot begaangen huet.
D'Diere vun der Synagog stoungen op. Op engem Sabbat ware besonnesch vill Léit an der Synagog. Dat war wuel och dem presuméierten Täter säin Ziel. Well säin Antisemitismus war an de soziale Medie kloer. Op engem Netzwierk dat vu ville Rietsextreme benotzt gëtt huet de Bowers säin Haass op Judde public gemaach.
D'Police seet hie soll wärend der Schéisserei geruff hunn, datt all Judde solle stierwen, an datt si responsabel si fir e Genozide géint seng Leit.
Trump huet Rhetorik an éischter Reaktioun gebremst
Den US-President huet op enger Wahlveranstaltung seng typesch aggressiv Rhetorik gebremst. Am US-Staat Illinois sot hien dëst.
"Dësen antisemiteschen Ugrëff ass en Ugrëff op eis alleguer. Et ass en Ugrëff op all Mënschen", sot den Trump. Et misst elo jiddwereen zesumme schaffen, fir den Haass an d'Gëft vum Antisemitismus aus der Welt ze schafen.
Dat war e President deen de Prompter gelies huet, e virbereeden Text. Seng Rhetorik gëtt dëser Deeg nach méi genee analyséiert, well et do schéngt e gewëssene Lien ze ginn tëscht senge Wierder a den Evenementer vu leschter Woch.
Direkt Verbindung tëscht Trump-Rhetorik an Attentat?
Et gëtt do zwee Beispiller.
De presuméierten Täter zu Pittsburgh huet wëllen Theorië gegleeft. Esou solle Judden d'Awanderung vun Dausenden Zentral-Amerikaner an d'USA finanzéiert hunn. Och de President schwätzt vill vun där sougenannter Karawann. Hie seet datt dës Flüchtlingen e Risiko fir d'national Sécherheet vun den USA sinn, ouni dat iergendwéi kënnen ze beweisen.
Dat zweet Beispill sinn d'Bréifbommen déi d'lescht Woch vun engem Mann un iwwert eng Dose prominent Demokrate geschéckt goufen. Si goufen all vum Donald Trump, entweder en public oder per Twitter kritiséiert. Deen Täter war e grousse Supporter vum Trump.
Dem President seng Rhetorik hëlleft net. Mee op et do eng direkt Verbindung gëtt, dat gëtt vu Republikaner wéi dem Senator James Lankford rejetéiert.
Den Donald Trump wier a senger Rhetorik zwar direkt, mee et léich net am Trump senger Verantwortung, wann "ee Verréckten" an eng Synagog geet. "De President ass kloer a sengen Aussoen iwwer Antisemitismus, mir sinn et alleguer. Et handelt sech em eng krank elle Saach", sou den James Lankford.
Debatt iwwer Responsabilitéit
Dem President seng éischt Reaktioun war net déi typesch republikanesch Reaktioun. Normalerweis wëlle si no enger Masseschéisserei net iwwer Politik schwätzen. Et soll Zäit si fir ze traueren an net fir iwwer Waffegesetzer ze debattéieren.
Mee dësen amerikanesche President ass anescht. Den Donald Trump sot an enger éischter Reaktioun dat hei: "Dat huet net vill heimat ze dinn. Wann dir iech et ukuckt, wa si banne Sécherheetsbeamte gehat hätten, da wieren d'Resultater vill besser. Ech huelen un datt esou Meenungsverschiddenheeten ni wäerte geléist ginn. Wa si iergendeng Zort vu Protektioun an der Synagog gehat hätten, da wier et anescht gaangen. Mee si hate keng a leider huet de Mann Saache gemaach déi ni hätte solle méiglech sinn."
Et schéngt wei wann de President der Synagog selwer iergendwéi well d'Responsabilitéit ginn. Et war hier Entscheedung keng Sécherheetsbeamten anzestellen.
Donald Trump mécht viru wéi virdrun
Den Donald Trump sot hie géif seng Rhetorik liicht änneren. Mee e Sonndeg den Owend huet hie schonn nees en demokratesche Géigner op Twitter als verréckt beschriwwen.
Ee Stack iwwert dem Doheem vum Donald Trump war kuerz virdrun den amerikanesche Fändel aus Respekt fir d'Victimmen op hallwe Mast gestallt ginn.