Frankräich Valls ënnerstëtzt Macron - an net Hamon

De fréiere sozialistesche Premier Manuel Valls huet rezent gesot, hie géing bei de Presidentschaftswahle säi Parteikolleg Benoît Hamon net ënnerstëtzen. Amplaz wëllt hie fir den onofhängege Kandidat Emmanuel Macron stëmmen. Et deit alles drop hin, datt de Parti Socialiste deemnächst kéint zerbriechen oder verschwannen.

Gabrielle Taillefert / sk

Manuel Valls
Manuel Valls (Copyright: picture alliance / Photoshot)

De fréiere Wirtschaftsminister Macron gëllt als liberal. Fir seng Kandidatur bei de Presidentiellen huet hie seng eege Bewegung mam Numm "En Marche" gegrënnt. Him huet de fréiere Premier Manuel Valls elo seng Ënnerstëtzung zougesot, an net dem sozialistesche Presidentschaftskandidat Benoît Hamon. Dat wier e Choix vun der Vernonft an net vum Häerz, huet de Manuel Valls erkläert.

De Valls huet kloer gemaach, datt hie vill Gemeinsamkeeten mam Emmanuel Macron hätt. Säi Choix justifiéiert de Manuel Valls awer och domadder, datt hien esou wéilt verhënneren, dass d'Marine Le Pen vum Front National a Frankräich un d'Muecht kënnt.

Verstouss géint d'Parteiregelen

De Manuel Valls, deen am Dezember als Premier zréckgetruede war, fir bei de Primairë vum Parti Socialiste ze kandidéieren, huet also decidéiert, een onofhängege Kandidat z'ënnerstëtzen, amplaz de Benoît Hamon, deen déi sozialistesch Primairë gewonnen huet. An de Valls huet d'Sozialisten dozou opgefuerdert, dat selwecht ze maachen.

No de Statute vum Parti Socialiste muss all Parteimember de sozialistesche Presidentschaftskandidat ënnerstëtzen. Den Ex-Premier Valls verstéisst awer net just géint d'Regele vu senger Partei, mä och géint säin eegent Wuert. Während de Primairë vum PS hat hie geschwuer, hie géing fir de Gewënner oder d'Gewënnerin vun dëse Primairë wielen.

De Manuel Valls ass net deen eenzege Sozialist, deen den Emmanuel Macron ënnerstëtzt. 565 sozialistesch "Eluen", dorënner fënnef Ministeren a Staatssekretäre vun der aktueller Regierung, hunn ëffentlech erkläert, datt si fir de liberale Konkurrent vum Benoît Hamon wëlle stëmmen.

Sondagen: just zéng Prozent fir den Hamon

Dogéint kann de Benoît Hamon näischt maachen. Den aktuelle Parteisekretär vum PS, de Jean-Christophe Cambadélis huet kloergestallt: Aus der Partei ginn nëmmen déi Memberen ausgeschloss, déi den Emmanuel Macron parrainéieren oder Member vu sengem Mouvement ginn. Béides trëfft op de Manuel Valls net zou: Hien huet just ëffentlech opgeruff, fir den Emmanuel Macron ze wielen.

De Sondagen no hu just zéng Prozent vun de Fransouse wëlles, fir de Sozialist Benoît Hamon ze stëmmen. Mat all Kéier ronn 25 Prozent vun de Stëmmen hunn den Emmanuel Macron an d'Marine Le Pen den Ëmfroen no den Ament déi beschte Chancen, fir et an den zweeten Tour ze packen.

Ënnert dëse Viraussetzunge kéint et gutt sinn, datt déi sozialistesch Partei sech an hirer aktueller Form no de Wahlen opléist.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Wahlen a Frankräich Dossier

De 7. Mee ass den zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen a Frankräich. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeuë vun dëse Wahlen.

Zaldoten um Härebierg
Kampf géint den IS

Wann een EU-Memberstaat op sengem Territoire mat Waffen agresséiert gëtt, mussen déi aner Memberen hëllefen. Frankräich kritt deemno am Kampf géint den IS Ënnerstëtzung. Wat ass d'Roll vu Lëtzebuerg?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen