EUROPA-INTERVIEW Valérie Hayer: "Le parlement va bien vérifier la mise en oeuvre des plans"
D'EU-Parlament mécht een Appell un d'Europäesch Kommissioun, keng politesch Konzessioune bei der Adoptioun vun de nationale Pläng fir d'Relance ze maachen. D'Evaluatioun an d'Ëmsetzung géife genee suivéiert, seet déi franséisch Europadeputéiert Valérie Hayer.
Dës Woch huet d'Europäesch Kommissioun Obligatioune vun 20 Milliarden Euro opgeholl. Et ass déi éischt Transaktioun am Kader vum Finanzement vum europäesche Corona-Hëllefspak, deen am ganzen 750 Milliarden Euro ëmfaasst.
Datt d'Europäesch Kommissioun elo fir d'éischte Kéier esou ee groussen Emprunt ophëlt, ass fir d'Valérie Hayer een historesche Moment. "Et ass een Akt vun der Solidaritéit", sou déi franséisch Europadeputéiert.
"Keng politesch Konzessioune maachen"
D'Europaparlament huet déi lescht Woch drop opmierksam gemaach, datt déi Suen och richteg missten ausgi ginn. D'EU-Memberlänner hunn national Pläng bei der Kommissioun deposéiert, mat Projeten, déi bestëmmte Critèren entsprieche mussen. Des Woch ginn déi éischt fënnef Pläng vun der Kommissioun adoptéiert, dorënner och dee vu Lëtzebuerg.
D'Europaparlament fuerdert vun der Kommissioun, datt just déi Pläng, déi och wierklech all d'Critèren erfëllen ugeholl ginn, an hei keng "politesch Konzessioune" gemaach ginn.
"Ce n'est pas une question de défiance par rapport à la Commission. C'est une question de respect des principes démocratiques et des contrôles et d'évaluation par le parlement qui est démocratiquement élu. Donc le parlement est pleinement dans son rôle en exigeant de la Commission qu'elle fasse la déomstration, non seulement qu'elle respecte bien le règlement qui a été négocié, mais aussi que le parlement puisse faire part des ses recommandations et inquiétudes."
Ee vun de Critère schreift fir, datt 37 Prozent vun de Fongen a Projete fléissen, déi dem Klimaschutz déngen. Verschidden Europadeputéiert hunn awer schonn déi lescht Woch an engem Debat gesot, si géifen drun zweiwelen, datt déi Projeten och wierklech ee positiven Impakt op de Klima hunn.
Aarbechtsgrupp fir Pläng ze iwwerwaachen
Hei géif d'Parlament sécher genee driwwer waachen, wéi een Impakt déi national Mesuren hunn. Edo géing et ënner anerem drëm, ze kontrolléieren, datt net Mesuren als "gréng" verkaf ginn, déi et guer net sinn.
"Le parlement est très angagé sur ces questions-là et vous pouvez compter sur le parlement sur lui y compris par la suite de l'évaluation de la commission pour bien vérifier, la mise en oueuvre et le parlement sera extrêmement vigilant aussi à cette étape-là."
D'Valérie Hayer ass eng vu 27 Europadeputéiert an engem Aarbechtsgrupp, deen extra gegrënnt gouf, fir déi national Pläng ze iwwerwaachen. Hei géing et drëm ze kucken, ob dat entspriechend Reglement respektéiert gouf. Et wieren awer och wärend der Ëmsetzung vun de Pläng reegelméisseg Entrevuë mat der Kommissioun an de Responsabelen an de Memberlänner geplangt, fir ze préiwen, ob dat wat ausgehandelt gouf, och effektiv applizéiert gëtt.