Debat vun der Demokratescher Partei US-Demokraten: Méi kloer Konkurrenz fir den Joe Biden

Lescht Nuecht war zu Houston, am US-Staat Texas, den drëtten Debat fir d'Presidentschaftskandidate vun der Demokratescher Partei. De fréiere Vize-President Joe Biden stoung am Zentrum vun der Bühn an ass weiderhi vir an de Sondagen. Seng gréisst Konkurrenten an der Course fir d'Nominatioun heeschen den Ament Bernie Sanders an Elizabeth Warren. Beim Debat zu Houston gouf iwwer Waffegesetzer, Aussepolitik a Rassismus debattéiert.

Philip Crowther

Hëtzeg gouf et, wéi et ëm d'Gesondheetsreform goung. De Pit Walté huet mam 100,7-Korrespondent Philip Crowther iwwer den Debat geschwat.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Philip Crowther
Lauschteren

Méi zum Thema

USA-Mexiko
US-Mauerbau

D'US-Regierung wëllt Gelder, déi eigentlech fir den Ausbau vun der WSA zu Suessem geduecht waren, fir de Bau vun engem Zonk op der Grenz mat Mexiko ausginn. Dat confirméiert den Ausseminister Jean Asselborn.

Donald a Melania Trump um Wee op Dayton an El Pas
No zwee weideren Amokleef

​No den zwee Amokleef de leschte Weekend huet den US-President Donald Trump d'Stied Dayton an El Paso besicht. Vill Leit gesinn dem Donald Trump als Matschëllegen un. Den US-President gesäit dat anescht.

Philip Crowther Analys
Grenzmauter tëscht den USA a Mexiko

Den Donald Trump wëllt d'Grenz mat Mexiko wéinst massiver Immigratioun zoumaachen. Seng Warnung bleift bis elo just eng Warnung. De President wëllt awer all Dag iwwer Immigratioun schwätzen.

Philip Crowther Analys
US-Republikaner

De Stëllstand vu villen amerikanesche staatlechen Institutioune geet weider. De Grond dofir ass d'Iddi, eng Mauer op der Grenz mat Mexiko ze bauen. D'Republikaner stäipen dem Trump do de Réck.

Philip Crowther
Ausbléck

2019 kéint fir den US-amerikanesche President en ongemittlecht Joer ginn. D'Demokrate kënnen den Donald Trump dëst Joer ënner Drock setzen. Och d'Ermëttlunge vum Robert Mueller kéinten dem US-President geféierlech ginn.

Philip Crowther Analys
Immigratiounspolitik

An nëmme sechs Woche goufen op der Grenz tëscht Mexiko an den USA bal 2.000 Kanner vun hiren Eltere getrennt, an a provisoresch Heemer geschéckt. Dem Donald Trump seng Politik kéint zum Skandal ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen