Ufanks vum Jore koum et zu enger Rebellioun zu Dräibuer, bei där och eng Rei Poliziste blesséiert goufen.
Villäicht hätt et missten zu esou engem Virfall kommen, datt Beweegung an den Dossier kënnt, mengt d'Myriam Cecchetti, Deputéiert vun déi Lénk. D'CSV hirersäits war no der Presentatioun vum Rapport schockéiert iwwer d'Conclusioune vum OKAJU.
Eng Evolutioun bei de Jugendlechen
Et géifen net genuch forméiert Leit gi fir sech ëm déi ganz verschidde Profiller an der Unisec ze këmmeren, seet d'Ombudsman Claudia Monti. D'Profiller vun de Jugendleche wieren awer och ni kloer definéier ginn: wie kënnt an d'Unisec a wien net?
"Am Ufank war et ee Profil, mat deem ee méi einfach schaffe konnt, wou s de villäicht och e bëssen improviséiere konnts. Elo hues de awer Jonker dobannen, déi deelweis schonn e schwéiere Parcours hanner sech hunn, wou och deelweis psychiatresch Probleemer hunn. Déi muss de anescht upaken."
D'Claudia Monti seet, et hätt ee séier festgestallt, datt et eng gewëssen Evolutioun bei de Jonke gëtt. "An da muss de dech adaptéieren", esou d'Ombudsman.
Kloer Kritik un der Unisec
D'Unisec misst sech permanent a Fro stellen, esou d'Claudia Monti, et géif och un engem feelende sozialpedagogesche Konzept feelen.
Weider kritiséiert de Rapport vum Ombudsman, datt kee Suivi vun de Jugendleche gemaach gëtt an datt Transitioun, fir sech nees dobaussen zurecht ze fannen, net gutt geréiert wier.
Derbäi kéim eng Infrastruktur, déi iwwerhaapt net un d'Situatioun adaptéiert, seet de Charel Schmit.
"Vun de Baumaterialien hier ass et e fantasielose langweilege Bau, deen eigentlech éischter Gewalt bei deene Jonke Mënsche produzéiert, wéi datt e géif de Kader ginn, datt déi Erzéier, déi mat hinne schaffe sollen, eng sënnvoll Aarbecht maache kënnen."
Verschidde konkret Mesuren, wéi déi vun der Formatioun oder dem Reamenagement vun der Infrastruktur, kéinten der Claudia Monti an dem Charel Schmit no elo scho geholl ginn, datt d'Situatioun ze verbesseren.
Et gëtt u Verbesserunge geschafft
D'Claudia Monti ass optimistesch, datt d'Urgence bei der Politik ukomm ass. Et wier een och schonn am gaangen u Verbesserungen ze schaffen, seet den Educatiounsminister Claude Meisch.
Deemno géif den Ament zum Beispill e Kriseplang ausgeschafft ginn an d'Formatioun géif gestäerkt ginn. Et sollt een awer keen ze en donkelt Bild molen, huet den Educatiounsminister ze verstoe ginn: et géif sech ëm eng ganz vulnerabel Populatioun handelen, déi op anere Plazen zum Deel net gehollef konnt kréien.
"Datt do mol eng Kéier eppes eskaléiert, datt sech mol eemol net un all d'Reegele gehale gëtt, datt mol heiansdo vu bausse muss intervenéiert ginn, dat ass och eppes, wat alldeeglech ass. Déi Incidenten, déi geschitt sinn, do muss een och ëmmer drun denken, wou dat hierkomm ass. Den Ausléiser war, datt e puer Jonker net um 10 Auer wollten an d'Bett goen. An dat ass mengen ech eppes, wat jiddweree kennt, och mol doheem an an aner Foyeren. Mir sollen och lo net sou maachen, wéi wann et hei permanent géif drënner an driwwer goen, a wéi wann d'Sécherheet hei permanent net am Grëff wier."
D'Urgence géif elo bei der Gesetzgebung léien, do ware sech alleguerten d'Acteuren eens. De Charel Schmit:
"Fir kloer Messagë par Rapport zu deene Jonken ze kréien, an awer och datt déi déi mat hinne schaffe kloer Messagë kréien. An och datt déi déi d'Decisioun huelen, d'Riichter an d'Riichterinnen, datt déi och kloer Virgabe kréien iwwer e Gesetz."
Den Ombudsman géif elo verzweiwelt drop waarden, datt déi dräi deementspriechend Gesetzer, dorënner dat iwwer de Jugendschutz an dat iwwer d'Jugendstrofrecht, séier duerch d'Prozedure kommen. Der Justizministesch Sam Tanson no géif am Staatsrot dru geschafft ginn.