Uni Lëtzebuerg Unis-Budget: "Tensioune wäerte sech berouegen"

Pia Oppel / pre

Xavier Bettel
Photo: Archiv

Datt d'Rektorat vun der Uni de Budget 2017 mat iwwert engem Joer Retard virgeluecht huet, wollt de Premier am Pressebriefing nom Regierungsrot net kommentéieren. Et sollt een elo d'Decisioun vum Conseil de Gouvernance vun der Uni ofwaarden.

De Conseil Universitaire hat de Budget fir 2017, eisen Informatiounen no, en Donneschdeg an engem consultativen Avis ofgeleent. Dat obwuel een equilibréierte Budget presentéiert gouf, an déi staatlech Dotatioun fir d'Uni dëst Joer op 160 Milliounen Euro klëmmt. Trotzdem géif de Budget fir déi meescht Beräicher vun der Uni Spuermesurë virgesinn, sot eis eng Source, déi no um Dossier ass.

Reaktioun Xavier Bettel

Méi zum Thema

Uni Lëtzebuerg Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

Op der Uni suergt de Budget 2017 fir Tensiounen: De Conseil Universitaire huet de Projet an engem consultativen Avis ofgeleent. D'Rektorat fuerdert ee méi "effizienten Ëmgank" mat de Suen.

Rentrée vun der Uni um Campus Belval Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg huet fir 2017 nach keen approuvéierte Budget. Dem Gesetz no hätt dee Budget scho misse virum 1. Abrëll 2016 vum Regierungsrot gutt geheescht ginn. Uni-intern rumouert et.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen