Uni Lëtzebuerg Just nach een halleft Institut?

D'Membere vum historeschen Institut op der Uni Lëtzebuerg fäerten, datt zwee vu fënnef Professer-Posten am Hierscht net ersat ginn. Als eng vun den Ursaachen nennt de Chef vum Institut, de Michel Margue, déi rezent decidéiert Spuermesuren am Kader vum Budget 2017.

Pia Oppel

Uni Lëtzebuerg
© Université du Luxembourg - Brumat Photo / Foersom Sàrl

Concernéiert sinn déi zwee Léierstill fir d'Fréi Neizeit a fir Transnational Lëtzebuerger Geschicht, heescht et an engem Communiqué vum historeschen Institut. D'Professeren, déi dës Poste bis ewell besat hunn, sollen am Hierscht net remplacéiert ginn. Well d'Uni net méi Sue wëll zur Verfügung stellen, fuerdert den historeschen Institut de Staat op, dat ze maachen.

Detachéiert Staatsbeamten

Ee vu béide Poste gouf vun engem detachéierten Enseignant besat, deen also net vun der Uni, mä vum Enseignementsministère bezuelt gouf, erkläert de Michel Margue.

Am Prinzip wier geplangt, datt "déi Posten an Zukunft net erneiert ginn oder ersat ginn, wann een a Pensioun geet. An dat betrëfft an éischter Linn d'Geeschteswëssenschaften."

Ongewollte Konkurrenz mam C2DH

Deen anere Posten ass fräi ginn, wéinst dem Wiessel vun engem Professer an deen neien interdisziplinären Zentrum fir Zäitgeschicht an digital Geschicht (C2DH) op der Uni. An der Strategie vun der Uni gehéiert dësen Zentrum zu de Prioritéiten.

Et wier awer net geplangt gewiescht, datt d'Geschicht an der "longue durée" um Geschichtsinstitut ofgebaut gëtt, wann deen interdisziplinären Zentrum gegrënnt gëtt, seet de Michel Margue:

"Mir hunn natierlech och Kontakt mam Recteur gehat, wéi geplangt ginn ass, eist Institut an zwee ze deelen - op der enger Säit d'Institut fir d'Geschicht an op der anerer Säit de Centre Interdisciplinaire iwwer d'Zäitgeschicht an d'Digital History. An déi Saache sinn alleguer beschwat, mä déi lescht Evolutiounen hunn déi Fro natierlech ee bëssi zougespëtzt, wou d'Posten an d'Suen higinn."

D'Resultat dovunner wier och eng ongewollte Konkurrenz tëscht Institut an Interdisziplinärem Zentrum, déi eigentlech gutt kéinten zesummeschaffen a sech och ergänzen.

Verschidde Spuermesuren

Eisen Informatiounen no muss d'Fakultéit vun de Geeschteswëssenschaften op der Uni dëst Joer beim ordinäre Budget 17 Prozent spueren am Verglach zu 2016. D'Geschichtsinstitut muss d'Depensen ëm 40 Prozent reduzéieren.

Dës Spuerefforte géifen déi ganz Universitéit concernéieren an och hoffentlech an der Zäit begrenzt bleiwen, seet de Michel Margue. Fir d'Geschichtsinstitut wier dat ze verkraaften, ënnert anerem well ee Succès hätt mam Beschafe vun Drëttmëttel fir d'Fuerschung.

Méi dramatesch wier et, wann d'Uni hire Budget fir fest Professer-Poste kierzt. D'Fuerschung géif sech thematesch an organisatoresch ronderëm de Professer organiséieren, well hie Fuerschungsbudgeten an Doktoranden un d'Land zitt.

Eng politesch Fro

D'historesch Fuerschung op der Uni huet an enger rezenter externer Evaluatioun gutt ofgeschnidden. An d'Zuel vun de Geschichtsstudenten ass an de leschte Jore geklommen. Wann elo um Niveau vun de Professuren d'Epoche virum 20. Joerhonnert net méi ofgedeckt wieren, géif de Geschichtsstudium op der Uni Lëtzebuerg riskéieren net méi den internationale Standarden z'entspriechen.

Dat wier ee Choix, iwwer dee misst ëffentlech diskutéiert ginn, mengt de Michel Margue. Et misst ee sech d'Fro stellen, ob ee sech et gesellschaftlech ka leeschten, datt zu verschiddenen historeschen Epochen net méi op der Uni gefuerscht gëtt: "Dat ass, wéi wann een d'Alphabet nëmmen hallef géif léieren."

Aktuell relevant Themen, wéi Migratioun, d'Trennung vu Kierch a Staat oder d'politesch Participatioun vun de Bierger wieren net nei an hätten hir Originnen deels wäit virum Joer 1900.


De ganzen Interview:

Michel Margue

Méi zum Thema

Pia Oppel Kommentar
Uni Lëtzebuerg

De Premier Xavier Bettel huet déi aktuell Tensiounen op der Uni als d'Resultat vun übleche Budgetsstreidereie bezeechent. D'Problemer vun der Uni sinn awer méi déifgräifend, mengt d'Pia Oppel.

Uni Lëtzebuerg
Uni Lëtzebuerg

An engem decisive Vote gouf de Budget fir 2017 eestëmmeg - mee mat iwwert engem Joer Retard - ugeholl. De Conseil Universitaire sech an engem consultativen Avis géint de Projet ausgeschwat.

Xavier Bettel
Uni Lëtzebuerg

De Premier huet op Nofro hin am Pressebriefing nom Regierungsrot op d'Spannunge ronderëm de Budget vun der Uni reagéiert. "Dat wäert sech berouegen", esou de Xavier Bettel.

Uni Lëtzebuerg Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

Op der Uni suergt de Budget 2017 fir Tensiounen: De Conseil Universitaire huet de Projet an engem consultativen Avis ofgeleent. D'Rektorat fuerdert ee méi "effizienten Ëmgank" mat de Suen.

Rentrée vun der Uni um Campus Belval Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg huet fir 2017 nach keen approuvéierte Budget. Dem Gesetz no hätt dee Budget scho misse virum 1. Abrëll 2016 vum Regierungsrot gutt geheescht ginn. Uni-intern rumouert et.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen