Uni Lëtzebuerg Gréng Luucht vum Conseil de Gouvernance

An engem decisive Vote gouf de Budget fir 2017 eestëmmeg - mee mat iwwert engem Joer Retard - ugeholl. De Conseil Universitaire sech an engem consultativen Avis géint de Projet ausgeschwat.

Pia Oppel

Uni Lëtzebuerg
(Foto: © Université du Luxembourg - Brumat Photo / Foersom Sàrl)

Am Conseil de Gouvernance sinn extern Experten aus der Privatwirtschaft a vun Universitéiten aus dem Ausland vertrueden, grad wéi de Recteur, a jeeweils ee Vertrieder vun der Regierung, den Unis-Enseignanten an de Studenten.

De Vote vum Gremium ass decisiv: Elo kann de Budget dem Regierungsrot fir eng definitiv Approbatioun virgeluecht ginn.

Ob nach Ännerungen um Budgetsprojet virgeholl goufen, deen d'Rektorat virgeluecht hat, ass net bekannt.

Méi Gesamtbudget wéi 2016

An engem Communiqué betount d'Uni Lëtzebuerg, datt de Gesamtbudget op 212 Milliounen Euro klëmmt: Eng Hausse vu sechs Prozent géigeniwwer 2016. De Staat steiert ronn 160 Milliounen Euro bäi, dozou kommen Drëttmëttel fir d'Fuerschung.

De Budget 2017 wier eng zolitt Basis fir den nächste Pluriannuelle Plang fir d’Joren 2018 bis 2021 auszeschaffen.

De budgetäre Kader fir 2018 wier dann och wéi vum Gesetz virgesinn pünktlech approuvéiert a kéint elo dem Regierungsrot virgeluecht ginn.

Negativen Avis vum Conseil Universitaire

De Conseil de Gouvernance setzt sech mat dëser Decisioun iwwert den negativen Avis vum Conseil Universitaire ewech. Hei sinn nieft der Unis-Leedung d'Doyenë vun den dräi Fakultéiten, Proffen, Chercheuren, anert Personal an d'Studente vertrueden.

De Budget, dee mat iwwert engem Joer Retard vum Rektorat virgeluecht gouf, ass bannent der Uni ëmstridden: Obwuel d'Uni dëst Joer méi Sue vum Staat kritt, géif de Budget a ville Beräicher Spuermesurë virgesinn, sot eis eng Source, déi no um Dossier ass.

Besser Budgetsprozeduren néideg

Am Communiqué heescht et, datt de Conseil de Gouvernance den Avis vum Conseil Universitaire zur Kenntnis geholl huet.

D'Rektorat wier opgefuerdert ginn, sou séier wéi méiglech d'Budgetsprozeduren ze verbesseren.


De Communiqué vun der Uni Lëtzebuerg:

Belval, le 1er avril 2017 – En sa séance du 1er avril 2017, le Conseil de gouvernance a arrêté les comptes annuels 2016 de l’Université du Luxembourg. Ces comptes, qui dégagent un solde positif, seront soumis au Gouvernement pour approbation. Au cours de la même séance, le Conseil de gouvernance a unanimement approuvé le budget 2017 de l’Université. Ce budget est en augmentation de 12 millions EUR, c’est-à-dire de près de 6 % par rapport au réalisé de 2016 qui s’élève à 212 millions EUR.

Le budget 2017 permettra à l’Université de poursuivre son développement vers l’excellence dans la recherche et l’enseignement ; il constitue une base sereine pour l’élaboration du prochain plan quadriennal 2018-2021 et le développement de ses axes prioritaires de recherche.

Lors de l’approbation du budget 2017, le Conseil de gouvernance a noté l’avis du Conseil universitaire et invité le rectorat à améliorer les processus administratifs et budgétaires, et ceci sans délai. Etant une institution performante dans des domaines clés de la recherche et de l’enseignement supérieur, il faut que l’Université applique aussi le principe d’excellence dans son administration et sa gestion. Dans le souci du denier public, le Conseil de gouvernance a veillé au principe du « juste nécessaire » dans la politique budgétaire 2017.

Faisant référence à l’article 47 de la Loi de l’Université, le Conseil de gouvernance a également déterminé le cadre budgétaire de l’exercice 2018, équilibré et présentant une croissance.

Avec un budget 2017 en place, l’Université peut se concentrer sur ses missions et se consacrer à l’élaboration du nouveau Plan quadriennal 2018-2021.

Méi zum Thema

Xavier Bettel
Uni Lëtzebuerg

De Premier huet op Nofro hin am Pressebriefing nom Regierungsrot op d'Spannunge ronderëm de Budget vun der Uni reagéiert. "Dat wäert sech berouegen", esou de Xavier Bettel.

Uni Lëtzebuerg Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

Op der Uni suergt de Budget 2017 fir Tensiounen: De Conseil Universitaire huet de Projet an engem consultativen Avis ofgeleent. D'Rektorat fuerdert ee méi "effizienten Ëmgank" mat de Suen.

Rentrée vun der Uni um Campus Belval Exklusiv
Uni Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg huet fir 2017 nach keen approuvéierte Budget. Dem Gesetz no hätt dee Budget scho misse virum 1. Abrëll 2016 vum Regierungsrot gutt geheescht ginn. Uni-intern rumouert et.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen