Logement Un toit c'est un droit

Mieterschutz Lëtzebuerg, sozial Vereenegungen, den OGBL, d'ASTI an de CLAE fuerdere méi politesch Decisioune fir bezuelbare Wunnraum ze schafen. Trotz der Kris géif d'Spekulatioun op Immobilien d'Präisser an d'Luucht dreiwen. D'Mëttelklass kéint sech déi héich Loyeren och net méi leeschten, seet d'Aldina Ganeto, Vizepresidentin vun der Mieterschutz Vereenegung.

Carole Schimmer / cbi

Aldina Ganeto
D'Aldina Ganeto

De ganzen Interview lauschteren


Reform vum Mietgesetz geet net wäit genuch

De Logementsminister Henri Kox wëllt d'Mietgesetz reforméieren. Hie proposéiert ënner anerem, datt d'Agencekäschten zur Hallschent vum Locataire an zur Hallschent vum Proprietär gedroe ginn. D'Proprietäre missten do hir Responsabilitéit iwwerhuelen, seet d'Aldina Ganeto.

"Et ass de Proprietär, deen de Service freet, an also muss deen och d'Käschte ganz iwwerhuelen. Mir fannen och, datt déi Garantie locative vill ze héich ass. Wann een eppes loune geet, da muss een ee Mount Loyer un d'Agence bezuelen, derbäi kommen zwee Méint Loyer fir d'Garantie an et muss een ee Mount Loyer am Viraus opbréngen. Dat si vill Suen déi ee muss beieneen hunn."

Vill Läit hätten do einfach keng Chance sech eng Wunneng ze leeschten. Dowéinst fuerdert d'Mieterschutz Vereenegung, datt d'Garantie just ee Mount u Loyer soll ausmaachen.

Wéi kontrolléiert de Mieter d'Legalitéit vum Loyer

D'Héicht vum Loyer ass am Prinzip op maximal 5 Prozent vum investéierte Kapital pro Joer limitéiert, esou steet et am Mietgesetz. Et ginn awer Schwieregkeete fir dat investéiert Kapital iwwerhaapt eraus ze kréien, bedauert d'Aldina Ganeto.

"Et ass ganz schwéier fir de Mieter festzestellen, wat déi Wunneng eigentlech wäert ass, déi e lount. Et misst een dat am Kontrakt festleeën, de Proprietär misst do villäicht méi Transparenz dra bréngen an dra schreiwen, wat d'Wunneng kascht huet oder wat en an déi Wunneng investéiert huet, fir datt een och eng Kontroll behält, ob déi 5 Prozent dann och respektéiert ginn."

Et wier ëmmer um Locataire d'Saachen ze beweisen an dowéinst wier et schwiereg d'Mietkommissioun ze saiséieren, well ee guer net weess, wat déi Wunneng eigentlech wäert ass.

Reform vun de Mietkommissiounen ass néideg

D'Mieterschutz Vereenegung fuerdert, datt d'Mietkommissioune professionaliséiert ginn, fir datt och d'Geriichter kënnen entlaascht ginn, betount d'Aldina Ganeto.

"Mir denken, datt d'Mietkommissiounen ee gutt Mëttel kéint sinn, datt ee sech u si ka riichten an do och keng weider Käschten huet. Et muss ee jo keen Affekot deen Ament hunn. Mee déi mussen awer professionell fonctionéieren. Een anere Punkt wier, datt déi Mietkommissiounen sech kéinten autosaiséieren, wa se zum Beispill an der Gemeng feststellen, datt et Abuse gëtt, datt d'Wunneng net ugepasst oder insalubre ass."

Méi zum Thema

Illustratioun Logement
Gläichheet a Logement

De Besëtz vu Grond a Buedem ass zu Lëtzebuerg ganz ongläich verdeelt. De Stephan Polet huet sech mam Sozial-Geograph Antoine Paccoud geschwat, dee sech mam Patrimoine foncier auserneesetzt.

Julien Licheron
Chamberwahlen 2018

D'Immobiliëpräiser zu Lëtzebuerg sinn zanter 2010 all Joer tëscht 4,5 a 5 Prozent geklommen. A si klamme virun, seet de Julien Licheron. D'Lëtzebuerger Specificitéit wier, datt zanter Joerzéngten d'Offer der Demande net nokënnt.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen