Direkt um Ufank vum Ukrain-Krich hate sech ganz vill Leit gemellt, déi wollten Refugiéë bei sech ophuelen, oder déi eng eidel Wunneng zur Verfügung stelle wollten.
Vill offréiert Wunnenge ware Renovatiouns-bedürfteg
Dëser Wunnenge krut d'Croix-Rouge 178 offréiert, fir 88 dovu koum en Accord zustan. Déi bal 100 aner Wunnenge wieren zum Deel ze vill Renovatiouns-bedürfteg gewiescht.
D'Directrice Action et santé sociales, d'Nadine Conrardy, erkläert, datt et sech an deene Fäll net géif rentéieren fir grouss Renovatiounen ze maachen, well een net wéisst wéi laang d'Wunngene kënne gehal ginn. Et wéisst een den Ament datt d'Refugiéen hire Statut bis de 4. Mäerz 2023 hätten - wéi et dono weider geet wier net kloer.
Wann et awer eng Wunneng wier, déi iwwer puer Joer kéint genotzt ginn, géif d'Croix-Rouge probéiere mam Proprietär en Ofkommes ze fannen, fir se als Sozialwunneng zur Verfügung ze stellen, betount d'Nadine Conrardy.
Ënner anerem wäerten an Zukunft Refugiéën och an d'Cité militaire kommen, do kréich een de Schlëssel spéitstens den 1. September.
Nobesserunge néideg
Um Ufank vum Krich hätt et en enormen Drock ginn, fir séier op déi nei Situatioun ze reagéieren an d'Refugiéë séier anzwousch ënner ze bréngen. Dofir misst elo op verschidde Punkten nogebessert ginn, déi am Ufank net optimal geléist gi wieren.
Dat betrëfft beispillsweis de Kontrakt, deen d'Ukrainer ënnerschreiwen, wa si gratis an enger Wunneng ënnerkommen, déi vun der Croix-Rouge geréiert gëtt.
Hei hätt ee sech am Ufank u Modeller adaptéiert an deene virgesinn ass, datt een Deel vum Loyer muss bezuelt gi wann d'Leit bis schaffen. Et hätt do och missen en Avenant gemaach ginn:
" [...] deen hu mer awer net gemaach, well mer d'Positioun vum ONA ofgewaart hunn. Déi kenne mer an Tëschent: Den ONA seet, si sollen d'Chargë bezuelen, awer net de Loyer, och wa se Revenuen hunn."
Deementspriechend géif elo en Avenant gemaach ginn, no deem déi ukrainesch Refugiéë musse Chargë bezuelen, esoubal hiren Haushalt méi verdéngt, wéi den Equivalent vum REVIS fir hir Situatioun. Vun deem Moment u kréien si och keng Hëllefe méi vum Office national de l'accueil (ONA).
Schwieregkeete bei der Ëmsetzung vum CNS-Remboursement
D'Nadine Conrardy erkläert och, datt et Schwiergkeete géif gi bei der Ëmsetzung vun Dokteschrechnungen a Medikamenter fir ukrainesch Refugiéen.
Virun zwou Wochen hat den Ausseminister Jean Asselborn annoncéiert, datt déi ukrainesch Refugiéë mam Statut vun der Protection temporaire hei am Land direkten Accès zu de Servicer vun der CNS kréichen - ouni Stagezäit, wéi et bei anere Refugiéen de Fall ass.
An der Praxis wier dat awer net esou einfach, esou d'Directrice Action et santé sociales bei der Croix-Rouge. Et wier e Problem, datt vill Doktere froen, datt d'Rechnung direkt muss bezuelt ginn, wat fir d'Refugiéë schwiereg ass:
"Si kréie ronn 27 Euro Täschegeld pro Erwuessene pro Mount a fir d'Kanner ass et Hallschent. Wann een also eng Dokteschrechnung vu 55 Euro soll bezuelen, da muss ee schonn zwee Méint waarden. Dat heescht, dat ass eng praktesch Schwieregkeet, respektiv och fir Medikamenter kafen ze goen."
Déi ukrainesch Refugiéë géifen op deem Punkt d'selwecht behandelt gi wéi d'lëtzebuerger Résidenten, heescht et op Nofro beim Office national de l'accueil, dee fir d'Flüchtlingen hei am Land zoustänneg ass. Si missten d'Sue fir Dokteschrechnungen a Medikamenter virstrecken.
Wann eng Persoun Problemer beim Bezuele vu Rechnungen hätt, da kéint si dat wärend hirem Rendez-vous matdeelen, deen si all Mount um ONA hätt, a kréich da vun der Administratioun gehollef.