Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UGDA: "Mir wëllen d'selwecht behandelt gi wéi de Sport"

Demande no Reegelchangementer

UGDA: "Mir wëllen d'selwecht behandelt gi wéi de Sport"

Den neie Generalsekretär vun der nationale Museksfederatioun UGDA gëtt deene Stëmme Recht, déi soen, de Sport géif bei de Corona-Restriktiounen op manner op Amateursniveau besser ewech kommen, wéi déi ronn 300 Musek-, Gesang-, Theater a Folkloreveräiner, déi mat hire gutt 12.500 Memberen an der Union Grand-Duc Adolphe federéiert sinn. Dobäi wier hinne kee Reproche ze maachen. An de Veräiner wier et keen Hotspot a keng Infektiounskette ginn.

auto_stories

1 min

D'Reegel vu maximal dräi Musekanten (mat Blosinstrumenter), déi zesumme mat engem Dirigent prouwen dierfe, wier iwwerdeems fir déi allermannst Veräiner eng Optioun. Och wann hien dovun ausgeet, datt d'Recommandatioune vum Gesondheetsministère vun Experte géife formuléiert ginn, wiere fir hien déi aktuell Recommandatiounen am Beräich vun der Musek net einfach nozevollzéien.

"Wann ech déi Gesetzestexter liesen, déi si fir mech dacks vill méi prezis geschriwwen, wat sportleche Aktivitéiten ubelaangt, wéi wat d'Kultur ubelaangt. Op där anerer Säit muss een och soen: Am Sport ginn et x Federatiounen, d'UGDA ass eng vun de Federatiounen am kulturelle Beräich, wou et der net esou vill ginn. Trotzdeem: Mir wëllen à pied d'égalité behandelt ginn, wéi de Sport an och déi selwecht Informatiounen kréien, fir datt mer se kënne weiderhiinn un eis Memberen."

Och wann de Kongress vun der UGDA e Sonndeg iwwer Videokonferenz ganz roueg verlaf wier, géif et ënner de Veräiner, déi an der UGDA federéiert sinn, eng gewëss Onzefriddenheet ginn, well hir Aktivitéite wéinst de strenge sanitäre Reegelen, déi vum Staat imposéiert ginn, onméiglech oder op d'mannst ganz schwiereg gemaach ginn.