Sharing Economy Uber kann national reglementéiert ginn

Uber ass eng Transportentreprise a kann net eleng dem Secteur vun der Informationstechnologie zougerechent ginn. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff d'lescht Joer festgehalen. D'Uerteel ass richtungsweisend fir d'Entwécklung vun der Sharing Economy an der EU, seet de Raphael Coesme, juristesche Beroder fir de franséischen Ausseministère.

Chris Zeien / fk

Uber
Uber Applikatioun (Foto: Bigstock / Pe3check)

An enger kollaborativer Ekonomie - och nach Sharing Economy genannt - schaaft ee Vermëttler - wéi zum Beispill Uber d'Verbindung tëscht dem Prestataire vun enger Leeschtung an dem Konsument. Déi kruzial Fro, déi sech momentan géif stellen wier: Ënner wéi enge Konditiounen dierfen Entreprisen, wéi Uber, op de Marchéë vun den eenzelen EU-Memberstaaten aktiv ginn, seet de Raphaël Coesme, juristesche Beroder vum franséischen Ausseministère. Hie war rezent op enger Konferenz vun der Internationaler Unioun vun den Affekoten zu Lëtzebuerg dobäi. Et wier senger Meenung no schwéier fir déi national Regulateuren een Equiliber ze fannen.

"Si kënnen engersäits eng Lizenz oder eng administrativ Autorisatioun am Virfeld fir d'Ausübe vu verschiddenen Aktivitéite verlaangen. Oder eng Aktivitéit, déi si als geféierlech aschätzen, verbidden. Mä si dierfen déi europäesch Déngschtleeschtungsfräiheet net ouni Justifikatioun behënneren. Dat wier net op enger Linn mat de Rechter an der europäescher Unioun."

Transportentreprise oder net?

Taxisentreprisen aus Barcelona hate wéinst deloyaler Konkurrenz Plainte géint Uber gemaacht. Am Zentrum stoung d'Fro, ob Uber an d'Kategorie vun den Transportentreprise fält - an domat national reglementéiert ka ginn - oder ob déi US-Amerikanesch Entreprise reng dem Secteur vun den Informatiounstechnologië kann zougeschriwwe ginn.

"Uber seet, datt et keng Aktivitéit vun engem Taxichauffer géif maachen, mä just d'Chaufferen an d'Clienten a Relatioun matenee géif sëtzen. D'Natur vun der Aktivitéit wier also eng aner, wéi déi vun Taxichaufferen."

D'Taxischauffere géifen dat awer aneschtes gesinn, seet de Raphaël Coesme. Fir si wier Uber eng direkt Konkurrenz, wou d'Cliente géifen higoen. Si fuerderen, datt Uber déi selwecht Lizenz misst hu wéi si. Soss géifen d'Cliente bei Uber goen, déi en plus dacks méi gënschteg Tariffer géifen ubidden.

Een Transportservice profitéiert - dem europäesche Recht no net vun der Déngschtleeschtungsfräiheet. Déi eenzel EU-Memberstaaten reglementéieren hiren nationalen Transportsecteur selwer. Uber huet sech bis elo ëmmer drop beruff, datt een eng Entreprise aus dem Beräich vun der Informatiounstechnologien wier. Entreprisen aus dësem Secteur profitéiere vun der europäescher Déngschtleeschtungsfräiheet. De Problem wier, dem Raphael Coesme no, datt Uber e bësse vu béidem wier.

A sengem Uerteel vum 20. Dezember 2017 hält den Europäesche Geriichtshaff fest, datt de Service, deen Uber ubitt net nëmmen ee Client mat engem Ubidder a Kontakt bréngt. Um Schluss géif Uber eng Transport-Offer schafen, déi en iwwert eng App zougänglech mécht, seet de Raphael Coesme. Uber géif d'Fonctionnement vum Service a vun der Applikatioun organiséieren. Zum Beispill, wéi ee Gefier de Chauffer benotze kann. Uber géif deemno eng Transport-Offer schafen, déi a Konkurrenz zu traditionellen Taxisentreprisë steet, sou d'Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff.

Uber dierf national reglementéiert ginn

D'Geriicht huet doriwwer eraus festgestallt, datt Uber een decisiven Afloss op d'Konditioune vun der Transportoffer hëlt, andeems d'Entreprise beispillsweis d'Präisser vum Transport festleet. Déi direkt Konsequenz vum Uerteel ass, datt Uber - wéi all aner Entreprise aus dem Transportsecteur - vun den eenzelen EU-Memberstaate dierf reglementéiert ginn. Fir spezifesch Servicer wäert d'Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff d'Aart a Weis, wéi d'Sharing Economy fonctionnéiert, déifgräifend veränneren. Fir aner Servicer net, mengt de Raphaël Coesme.

D'Uerteel géif weisen, datt déi aktuell EU-Reglementatioune Servicer wéi Uber net kloer reglementéiere kéinten. Dofir plädéiert de Beroder vum franséischen Ausseministère dofir, datt den europäesche Legislateur e klore Kader fir d'Sharing Economy op d'Bee setzt. Ee Kader, dee een Equiliber tëscht engem Kader an Innovatiounsfräiheet assuréiert. Eng wierksam EU-Regulatioun misst nieft der Fro vun den Accèskonditiounen op den europäesche Marché och d'Froen vum Konsumenteschutz, der Fiskalitéit an dem rechtleche Status vu senge Chauffeure stellen.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Chris Zeien
Lauschteren

Méi zum Thema

Michel Wurth, Nicolas Schmit, Jean-Claude Reding
Riicht eraus

Déi drëtt industriell Revolutioun verännert net nëmmen d'Aarbechtswelt. Et géing och u Leit feelen, déi déi néideg digital Kompetenzen hunn. Et soll dofir en individuellt Recht op Weiderbildung ginn.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen