Nationalwahlen an Ungarn Wirtschaft an Ungarn boomt, trotz Kritik um Viktor Orban

De Viktor Orban ass alles anescht wéi en europäesche Musterschüler. Den ungaresche Premier gëllt als rietspopulistesch, korrupt an tendenziell autoritär. Trotzdeem, oder vläicht grad dowéinst, dierft hien dëse Weekend erëmgewielt ginn. Eng Erklärung dofir ass de wirtschaftlechen Opschwong an Ungarn. An deen hänkt, zu engem groussen Deel, vu Suen of, déi aus Westeuropa kommen.

Rick Mertens / cz

Analys Rick Mertens
Rick Mertens

Et sinn Zuele vun deene vill westlech EU-Länner nëmmen dreeme kennen. Wuesstemsprognose vu wäit iwwer dräi Prozent vum PIB, eng Aarbechtslosequot vun ënner fënnef Prozent, a Salairen, déi iwwer déi lescht Joren däitlech geklomme sinn. Des Zuele beschreiwen déi wirtschaftlech Entwécklung vun engem Land, dem seng Politik bannent der EU ganz ëmstridden ass: Ungarn.

Den ungaresche Premier Victor Orban mécht ëmmer nees Schlagzeilen, well e sech géint déi europäesch Flüchtlingspolitik stäipt, well e senge Vertrauten ëffentlech Opträg zouschoustert oder well hien d'Rechter vun de Medien a sengem Land aschränkt. Der ungarescher Wirtschaft schéngen des ëmstridde politesch Decisiounen awer bis elo net weider ze schueden.

Grënn fir de wirtschaftlechen Opschwong

Ungarn gehéiert, nieft anere fréiere kommunistesche Länner wei Polen oder Rumänien, am Moment zu den EU-Länner mat de beschte Wirtschaftsprognosen. Firwat also ass de wirtschaftlechen Opschwong grad an dëse Länner esou däitlech ze spieren?

Op der enger Säit, hunn déi national Regierungen duerchaus politesch Decisioune geholl, fir d'Kafkraaft ze stäerken. Sou gouf den onqualifizéierte Mindestloun an Ungarn ufanks d'lescht Joer em 15 Prozent gehéicht. A Polen goufen iwwerdeems nei Familljenzoulagen agefouert.

Déi positiv ekonomesch Zuelen, déi rietsnational Politiker wei de Victor Orban an de Jarosław Kaczyński sech gären op de Fändel schreiwen, leien net awer net eleng un hirer Politik. Si sinn enk un déi wirtschaftlech Entwécklung a Westeuropa gekoppelt. Datt d'Kafkraaft an Ungarn an a Polen klëmmt, läit nämlech zu engem groussen Deel dorun, datt dës Länner an de leschte Jore méi a westeuropäesch Länner exportéiert hunn, virun allem an Däitschland.

Kritik ass en zweeschneidegt Schwäert

Bei dësen Exporter handelt et sech zu engem groussen Deel ëm Produiten, déi grouss westeuropäesch Entreprisen am Oste produzéieren. Déi däitsch Autosproduzenten Audi a Mercedes, an den Elektronikkonzern Bosch hunn zum Beispill alleguerte grouss Fabricken an Ungarn. Duerch déi vergläichsweis niddreg Léin loosse Produiten, déi a westlechen EU-Länner gefrot sinn, sech nämlech bëlleg a Polen an an Ungarn produzéieren.

Fir ze weisen, wei erfollegräich déi ungaresch Wirtschaft ass, ënnersträicht de Viktor Orban a senge Rieden ëmmer erëm gär, datt vill dätsch Entreprisen a sengem Land investéieren. Bleift ofzewaarden op d'Kritik um ungaresche Premier iergendwann esou grouss gëtt, datt grouss Entreprise sech léiwer an aneren europäesche Länner néierloossen.

An der Mediathéik:

Wirtschaftschronik / / Rick Mertens
Lauschteren

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen