Den "European Centre for Disease Prevention and Control", kuerz ECDC, sëtzt zu Stockholm an ass mat sengen 290 Mataarbechter virun allem a Pandemie-Zäiten eng éischter kleng EU-Agence.
2005 gouf den Zentrum gegrënnt, als Reaktioun op d'Pandemie vun zwee Joer virdrun, ausgeléist duerch de SarsCov-1-Virus. Vun Ufank u war seng Missioun limitéiert, stellt d'Direktesch vum ECDC, Andrea Ammon kloer.
"Eise Mandat betrëfft ustiechend Krankheeten. Et geet do ëm d'Evaluatioun vum Risiko, net ëm d'Gestioun oder d'Ëmsetze vu Mesuren, mee drëms d'Memberlänner ze guidéieren, Donnéeën ze sammelen, an déi epidemiologesch Situatioun bei hinnen ze evaluéieren."
Informatiounsfloss deels zéi
Un déi Donnéeën erunzekommen ass awer dacks guer net esou einfach. Dat geet och aus engem Rapport vum Februar vum EU-Ombudsmann-Büro ervir, erkläert d'Ombudsmann Emily O'Reilly
"An der Haaptsaach hu mir erausfonnt, datt den ECDC virun allem um Ufank vun der Kris net genuch Informatioune krut fir d'Memberlänner doran, wéi si déi schroosten Auswierkungen opfänke kënnen, ze beroden."
D'Direktesch vum ECDC, d'Andrea Ammon, gëtt zou, datt an der Vergaangenheet zu Enkpäss koum. D'Limitten hätte sech allerdéngs och op der Säit vun de nationalen Experten, déi den ECDC mat Donnéeë fidderen, bemierkbar gemaach.
"Eis Analysen hänke vum Input vun den Experten of. An déi waren an der Lescht dacks domat beschäftegt, bei sech doheem Corona-Fäll ze identifizéieren, Kontakter zeréckverfollegen an de Follow-up ze maachen. Sou dat d'Donnéeë bei eis mat Retard ukoumen."
Déi lescht Woch huet d'Europaparlament gréng Luucht gi fir de Budget, deen d'EU déi nächst siwe Joer an d'Gesondheetspolitik stieche wëllt. Deen ass däitlech méi kleng wéi deen, deen d'Kommissioun proposéiert hat. D'Memberlänner haten de Montant wärend de Verhandlungen iwwer de pluriannuelle Budget däitlech no ënne gedréckt.
ECDC: Zousätzlech 70 Mataarbechter
Mee mat 5,1 Milliarden Euro kritt den "EUHhealth"-Programm ëmmerhi fënnef Mol méi zougestane wéi bis elo, sot déi lescht Woch am Europaparlament d'Gesondheetskommissärin Stella Kyriakides.
"Ech hunn ëmmer gesot, datt sech aus enger Kris och Méiglechkeeten erginn. Zesummen hu mer doraus eng Visioun gemaach, an déi soll a Form vun EU4health ëmgesat ginn. Den Zentrum fir Krankheetspreventioun a Konroll (ECDC) genee ewéi d'Medikamentenagence EMA solle gestäerkt ginn."
Fir den ECDC hat d'Kommissioun schonn am November zejoert déi grouss Linne fir eng Reform proposéiert. Heira géifen effektiv déi Haaptléieren opgegraff ginn, déi een aus der Corona-Pandemie zéie muss, seet d'Direktesch Andrea Ammon.
"Et gëtt eng méi staark Digitaliséierung proposéiert, mir sollen och méi Ressource kréie fir eng Task-Force op d'Been ze setzen, déi d'Länner bei hiren Iwwerwaachungen ënnerstëtzt, a mir kréien ee méi breet Mandat, fir baussent der EU ze schaffen."
De Zentrum zu Stockholm soll effektiv bei seng 290 Leit 73 Poste bäikréien. Dat geet an den Aen vun der Ombudsmann Emily O'Reilly net duer.
"Et gesäit esou aus, wéi wann d'ECDC méi Kompetenze kréich. A Wierklechkeet kommen awer eng ganz Rei nei Tâchen derbäi. Den Zentrum ass nach ëmmer net onofhängeg genuch. E ka selwer keng Demande maachen, fir déi néideg Informatioune vun de Memberlänner ze kréien. Dat ass de Problem."
Ënnerscheeder bei den Zuelen
Dee Problem gëtt an dëser Pandemie ëmmer nees däitlech. Zum Beispill elo an der Impfcampagne. D'ECDC publizéiert Tabellen, op deenen ee genee kucke kann, wéi vill Impfstoffer ee Land krut, a wéi vill scho verimpft gouf.
Dës Donnéeë stëmmen awer zum Deel net mat deenen iwwereneen, déi déi national Autoritéite publizéieren. Dat ass och bei de Lëtzebuerger Daten de Fall. Dem ECDC no krut de Grand Duché zum Beispill um Datum vum 7. Mäerz eng 3.600 Dosisse manner geliwwert, wéi d'Santé dat an hirer Tabell ugëtt, déi all Woch publizéiert gëtt. Och bei anere Länner goufen Ënnerscheeder gemellt.
Den ECDC ass dobäi op d'Donnéeën ugewisen, déi e vun hinne kritt. D'Qualitéit an d'Envergure vun der Aarbecht vum europäeschen Zentrum hänkt also direkt vum Input vun den eenzele Länner of.
Ëmgedréint maachen hir Recommandatiounen och nëmmen dann op europäeschem Niveau Sënn, wa se och vun de Länner iwwerholl ginn.
Och dat ass awer nach laang net ëmmer de Fall. Grenzen zou maache wier aus epidemiologescher Vue net geroden, hat d'ECDC um Ufank vun der Pandemie an engem vun hiren Avise gesot. Dat gouf awer vun enger Partie Regierungen ignoréiert.
Recommandatioune ginn ignoréiert
Ee Beispill dofir ass d'Kaart, déi den Zentrum all Woch aktualiséiert, an op där d'EU jee no Infektiounszuelen an donkelrout - orange oder gréng Zonen agedeelt gëtt. Dat Instrument ass nëtzlech fir d'Bierger, allerdéngs nëmme begrenzt. Well d'Memberlänner maache weider hir eege Klassementer an zéien och hir eege Konklusiounen.
Wat d'Länner mat esou Instrumenter maachen, ass effektiv hir eege Saach, seet d'Direktesch vum ECDC, d'Andrea Ammon. D'Kompetenz am Gesondheetsberäich läit weiderhi bei de Memberlänner.
"Verschidde Memberlänner iwwerhuelen eis Richtlinnen, anerer net. Mee dat ass hir Kompetenz. An um Enn och hir Responsabilitéit."
Dat mécht et éischter schwéier, Léieren aus Corona op europäeschem Niveau ze zéien a Reforme vu Gesondheetsagencen deementspriechend ze organiséieren.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.