Radioen

On air

Notturno  |  Chris Whitley - Spanish Harlem Incident

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tripartite: D'Regierung wëll de Sozialpartner haut Propose maachen

Sozialdialog

Tripartite: D'Regierung wëll de Sozialpartner haut Propose maachen

An der Tripartite-Sitzung vu gëschter gouf et keen Accord. D'Suite vun de Gespréicher ass haut um 12 Auer am Schlass zu Senneng. Dat huet de Premier Xavier Bettel gëschter Owend ugekënnegt, no iwwer sechs Stonnen Diskussioune mat de Sozialpartner. De Regierungsrot kënnt schonn haut de Moien um 9 Auer zesummen. Regierung, Patronat a Gewerkschaften hu gëschter iwwert déi héich Energiepräisser geschwat, an iwwert den Impakt dovun op d'Entreprisen an op d'Kafkraaft vun de Leit.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Souwuel d'Betriber wéi d'Privatleit wieren an enger schwiereger Situatioun: op dësem Punkt wiere Regierung a Sozialpartner sech eens, esou de Premier. All déi Bedeelegt si sech eens, datt ee Privatleit a Betriber begrenzten an temporär Hëllef misst ginn.

Selbstverständlech wier gëschter an der Tripartite och iwwert den Index geschwat ginn, huet de Xavier Bettel confirméiert, ouni Detailer ze liwweren. Hien hätt wëlles alles ze maache fir datt et zu engem Accord kënnt, huet de Premier ugekënnegt.

"Mir mussen et fäerdeg bréngen, datt Lëtzebuerg weider déi Liewensqualitéit kann halen, déi eben och de Succès ass vun dësem Land. An do muss et deem engen an deem anere gutt goen."

Säin Ziel wier et, de Mëtteg an der Tripartite zu enger Eenegung ze kommen. De Premier gesäit d'Chancen, datt et haut zu engem Accord kënnt bei 50 Prozent.

Wann et haut keen Accord géif ginn, da kéint de Weekend virun an der Tripartite verhandelt ginn, huet de Premier gëschter Owend ugekënnegt. Haut géif d'Regierung eng Rei Proposen als Diskussiounsbasis virginn, sou de Xavier Bettel. Et wier e "ganz konstruktiven Austausch" gewiescht, sou nach de Premier. Vertrieder vu Patronat a Gewerkschafte wollte sech gëschter Owend zu Senneng net méi weider äusseren.