An dat läit natierlech um Index. De STATEC gesäit zwou Tranchen erfalen an noer Zukunft, eng elo am Abrëll, déi nächst schonn am August. Zesumme mat där vun Oktober zejoert wieren dat dräi där Tranchë bannent zéng Méint. Also eng Augmentatioun vun de Léin a Gehälter ëm siwen an en hallwe Prozent a manner wéi engem Joer: dat ass däers Gudden ze vill, seet d'Patronat. Patronatsvertrieder hunn dofir, eisen Informatiounen no, gëscht gefrot, déi zwou nächst Tranchen auszesetzen. Als Kompensatioun kéint de Staat de Leit mat nidderegen a mëttleren Akommes - a just deenen - jo eng eemoleg Primm ausbezuelen, tëscht 1.000 fir déi kleng an 250 Euro fir déi e bësse méi grouss Paien. Déi Propos hätt d'UEL gëscht op den Dësch geluecht, krute mer aus Verhandlungskreesser confirméiert.
D'OGBL-Presidentin gleeft net un een Accord
Wann d'Regierung, se opgräife sollt. A si hätt se, sou héiert een, allzäit net direkt zréckgewisen. Dee Moment wieren d'Verhandlunge wuel séier eriwwer. Well domat wier fir d'Gewerkschaften déi rout Linn iwwerschratt, déi fir si absolut net verhandelbar ass.
Dat, wat d'Regierung de Sozialpartner elo gläich proposéiert, ass net à prendre ou à laisser, mee et kann, et soll an et wäert wuel och driwwer verhandelt ginn, huet de Premier den Dënschdeg den Owend no der éischter Verhandlungsronn ënnerstrach. De Premier huet d'Chancë fir en Accord gëschter Owend op 50-50 chiffréiert. Fir d'OGBL-Presidentin Nora Back ass dee Pronostic ze vill optimistesch. Hier schéngt en Echec vun de Verhandlunge méi probabel wéi e Succès. Dat huet si net am 100,7-Interview net verstoppt.