Sozialdialog Tripartite ass Ufank Juli
"Ech sinn der Meenung, datt eng Tripartite schonn néideg wier", esou de Xavier Bettel haut no senge Gespréicher mat de Sozialpartner am Schlass zu Senneng. Et wier wichteg, datt d'Regierung, d'Gewerkschaften an d'Patrone sech Ufank Juli ronderëm een Dësch versammele fir sech e Plang ze gi fir d'Land wirtschaftlech ze stäerken an de Chômage esou niddereg wéi méiglech ze halen, esou de Premier.
De Xavier Bettel huet kuerz virum Regierungsrot ugekënnegt, datt hie seng Kolleege Ministeren eng Tripartie wäert proposéieren. Een Datum dofir géif et nach net ginn.
Déi getrennte Gespréicher vun de Regierungsvertrieder mat de Gewerkschaften a mam Patronat bis an de fréie Mëtteg wiere "gutt Gespréicher" gewiescht, iwwer d'Finanzlag, d'Aarbechtslosegkeet, d'Hëllefe fir d'Entreprisen an iwwer d'Sécurité sociale.
D'OGBL-Presidentin Nora Back huet sech zefridde gewisen, datt d'Ministeren haut versprach hätten, datt et keng Austeritéitspolitik soll ginn, fir d'Finanzéierung vun de Krise-Mesuren.