"It's not good bye, it's au revoir". Ënner deem Motto invitéiert déi sozialistesch Fraktioun am Europaparlament um Mëttwoch Mëtteg hir Memberen op ee Farewell Event. De Richard Corbett ass do ee vun de Riedner an ee vun deenen, déi Äddi soe mussen. De 65 Joer ale Labour-Politiker ass gläichzäiteg ee vun den alen Huesen am Europaparlament.
Traureg a rosen
1999 gouf hie fir d'éischt fir déi brittesch Labour-Partei an d'Europaparlament gewielt. Virdrun hat hien deels als EU-Fonctionnaire geschafft. Elo, e puer Deeg virum Brexit, ass den iwwerzeegten Europäer amgaang anzepaken, säi Büro ass voller Këschten.
Historesche Vott am Europaparlament: De Brexit-Accord gouf mat grousser Majoritéit ugeholl.
Hien ass traureg a rosen. "Mir hätten nimools bis heihi kommen dierfen", seet hien. Rosen ass de Richard Corbett och, well doheem Wale waren, amplaz een zweete Referendum ofzehalen.
"53 Prozent vun de Leit hu Parteie gewielt, déi dat gefrot hunn. Mee elo huet de Boris Johnson gewonnen. Duerch de brittesche Walsystem krut hien 100 Prozent Muecht op der Basis vu nëmmen 43 Prozent vun de Stëmmen."
Eréischt um Walowend un de Brexit gegleeft
Villes ass schif gelaf a Groussbritannien, seet de Richard Corbett, ouni mat Kritik u sengem Parteichef Jeremy Corbyn ze spueren. Genee wéi vill anerer vun den 73 britteschen Europadeputéierten, wollt hie bis zum Schluss net un de Brexit gleewen.
Wéini genee war de Moment, wou sech dat geännert huet? "Um Walowend", sou déi spontan Äntwert op déi Fro,
Wéi d'Walresultater den 12. Dezember owes public waren, wosst een, elo ass et esou wäit, dat seet och seng Parteikolleegin Jude Kirton-Darling.
"Bis zu deem Dag hat een d'Hoffnung, de Leit kloer ze maachen, datt et eis besser géif goen, wa mir dobanne bleiwe géifen."
Am Büro vun der 42 Joer aller Europadeputéiert gesäit ee keng gepaakte Këschten, just e puer eideler sti laanscht d'Mauer.
![]()
"Well ech 2014 an d'Parlament koum, ass dat heiten déi véiert Brexit-Deadline, déi ech erliewen", seet d'Jude Kirton-Darling. "Déi mécht Saache si schonn agepaakt a fort."
Hoffnung op ee Comeback bleift
Allerdéngs huet d'Brittin, wéi vill vun hire Kolleegen, d'Hoffnung nach net ganz opginn.
"Mam Brexit ass et net gedoen, déi Diskussioun geet virun a Groussbritannien."
D'Hoffnung vun der Jude Kirton-Darling baséiert op deene Jonken. Ëmmerhin hätt d'Majoritéit vun hinnen am Referendum 2016 dofir gestëmmt, datt Groussbritannien an der EU bleift.
Just getting into parliament for what will undoubtedly be a very emotional & memorable day. Going to need some caffeine to start with! pic.twitter.com/Mp7AO9sDY7
- Jude Kirton-Darling MEP (@Jude_KD) January 29, 2020
D'Jude Kirton-Darling huet hir eege Vue vum Brexit, dee si als Midlifekris vun hirem Heemechtsland bezeechent. "Wann déi eriwwer ass, komme mer erëm", seet si a laacht.
E Comeback gëtt allerdéngs schwéier, sou d'Prognos vum Richard Corbett.
"Eemol eraus, ass et eng Erausfuerderung, déi Fro vun engem Comeback nees opzemaachen. Um Enn wäert et dovun ofhänken, wéi schlëmm de Brexit gëtt a wien dofir verantwortlech gemaach gëtt."
Deem enge seng Freed ...
Net jiddweree vun deenen déi ginn, ass traureg an hofft, erëmzekommen. D'Claire Fox vun der Brexit-Party huet wëlles ze feieren, den 31. Januar, um Dag, wou Groussbritannien endlech d'EU verléisst. Triumphéiere wëllt si awer net.
"Et muss ee soen, datt mir hei gutt empfaange goufen. Ech sinn iwwregens eng stolz Europäerin, ech hu just d'EU net gär."
![]()
Anerer wäerten hir Kolleege vermëssen. Et deet wéi déi zéng brittesch Memberen an der Fraktioun goen ze loossen, seet de Jens Geier. "Iwwer d'Joren koum ee sech méi no", sou den Europadeputéierte vun der SPD, deen am Plenarsall dem Richard Corbett säin Noper ass.
"Ich habe die britischen Kollegen immer als sehr bedacht, sehr analytisch und sehr faktensicher erlebt, die selten aus einem Affekt heraus agieren. Wenn das der Fall war, dann war es heftig."
Datt si elo fortgoe mussen, wier ee Verloscht fir de Parlamentarismus insgesamt, sou de Jens Geier.
Wéi seet een Äddi?
Verléieren dinn och e puer Honnert parlamentaresch Sekretären am Parlament hir Aarbecht. Een dovun ass de Leo Wilkinson, deen zanter 2016 fir de Richard Corbett schafft a vun e Samschdeg un am Chômage ass.
Psychologesch wier dat "eng extrem schwéier Period", seet hien. Laang hätt een an der Onsécherheet geschafft, an elo géife vill jonk iwwerzeegten Europäer hir Plaz verléieren a missten eventuell hir Karriär an hir Frënn zu Bréissel opginn.
The #Socialists in the European Parliament are organising an open farewell event for UK #Labour MEPs this Weds, at 12:00
- Richard Corbett (@RCorbettMEP) January 28, 2020
It's NOT a #BrexitFestival, but an event to mark a sad day and a historic mistake that's bad for Europe & especially bad for #Britainhttps://t.co/3CqO7S1OQd
De Leo Wilkinson huet Chance, well hien nieft dem britteschen och ee franséische Pass huet. Hie bleift also EU-Bierger. Wéi hie wëllt och d'Jude-Kirton-Darling elo mol zu Bréissel bleiwen, bei hirem belsche Mann an hirem Kand, dat zu Bréissel an d'Schoul geet. "Ech sinn dann ee vun de Brexit-Refugiéen an der Belsch", seet si.
Wéi seet ee sech ënner Kolleegen Äddi, wann et esou wäit ass? "Mat Tréinen", äntwert de Jens Geier. An der Fraktioun géif eng Party geschmass a vill Béier gedronk ginn. "Das war's", sou den SPD-Politiker.
Lots of hope involved at Farewell event in the @Europarl_EN from @TheProgressives to British MEPs: It's not over yet, says David Sassoli @EP_President and @TimmermansEU picturing his children seeing the Brits rejoining the EU. Calling on Labour Party to fight for that. pic.twitter.com/rpNXAfSx61
- Weber Danièle (@WebDaniele) January 29, 2020
E Freideg nach eng Kéier am Team zesummesëtzen, de Büro botzen, d'Schlësselen ofginn an "that will be it", seet och d'Jude-Kirton-Darling.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.