Dës Saison huet de Camping zu Gréiwemaacher eng nei Clientèle bäikritt: déi Däitsch, déi dëst Joer "massiv" komm wieren, zielt den Alain Goedert vum Camping zu Gréiwemaacher. D'Campinge bei hinne wieren zou, dofir hätt een hei kënne Gäscht aus München, Berlin oder Hamburg empfänken. "Déi Clientèle hate mer bis elo nach net."
Hie schätzt, datt dem Ament 80 Prozent vun de Clienten um Camping aus Däitschland sinn, de Recht wiere Lëtzebuerger. De Boom vun däitschen Touristen op Lëtzebuerger Campinge confirméiert sech och op anere Plazen: sou hätte bei enger Ëmfro vu Luxembourg for Tourism 80 Prozent vun de Campingsbedreiwer an de leschte Woche verstäerkt Reservatiounen aus Däitschland kritt.
Mobile-Home ass gefrot
Och wann dëst Joer manner Lëtzebuerger Vakanz um Camping maachen, e Goût fir "Vakanz Doheem" ass nach ëmmer do. Den Alain Goedert seet, datt d'Camping-Vakanz weider am Trend läit. Fir de Lëtzebuerger mat enger spezifescher Präferenz: dem Mobile-Home.
Hei wieren d'Reservatioune bis elo gutt gelaf, de Lëtzebuerger géif éischter manner mam Zelt op e Camping kommen. Verschidde Campingen hätten heiran investéiert a géife bis zu 20 Mobil-Homen ubidden.
Den Alain Goedert kuckt positiv op d'Summerméint. An der Hotellerie zeechent sech e méi komplizéiert Bild. Lëtzebuerger Hoteller, virun allem déi am Zentrum, hänke vill vun der Business-Branche of, zielen op d'Kongresser a Konferenze fir d'Zëmmeren ze fëllen.
Hoteller di sech méi schwéier
Esou en Hotel, deen eng Businessclientèle cibléiert, ass dee vun der Aline Bourscheid. Hiren Etablissement vun 29 Zëmmeren a Bar a Restaurant bezeechent si als Boutique Hotel. De leschte Weekend war den Hotel ausgebucht.
D'Gäscht waren awer net Geschäftsleit, mee Touristen. Änlech wéi d'Situatioun um Camping zu Gréiwemaacher huet de Fait, datt Lëtzebuerg am Verrglach mam Ausland méi séier opgelackert huet, eng nei Clientèle op Lëtzebuerg gezunn.
D'Touriste keime gréisstendeels aus de Nopeschlänner, esou d'Aline Bourscheid, an de Filmmilieu, deen zu Lëtzebuerg gutt funktionéiert. "Dat huet drastesch zougeholl".
Duerch déi sanitär Kris huet d'Tourismus-Branche Previsibilitéit verluer. D'Saache géife permanent änneren, sou datt ee sech séier un nei Trends oder eng nei Clientèle misst upassen. Dat bedeit nei Konzepter entwéckelen, an investéieren, änlech wéi dat bei de Restauranten de Fall war, seet d'Aline Bourscheid.