Wiederphenomer Tornado zu Lëtzebuerg: Leider keng Première
Tornadoe wieren et der schonn ëmmer hei am Land ginn. Dat seet de Philippe Ernzer, Grënner vu Meteo Boulaide. Meeschtens géife se awer iwwer Felder oder Bëscher zéien. Den Hobbymeteorolog geet dovun aus, datt den Tornado vun e Freideg ee vun deene stäerkste war. Am 100,7 Interview erkläert hien de Phenomen.
Maxi Pesch / cz

Méi zum Thema

"Loosse keen am Ree stoen"
Nom Tornado vun e Freideg gouf an engem extraordinäre Regierungsrot de Samschdeg den Owend de Bilan vun de Schied gemaach. Et goufen och eng Partie Hëllefe fir Privatleit a fir Entreprisen decidéiert.

No Tornado-Passage: Annonce vu weidere Mesuren no Regierungsrot
D'Regierung kënnt um 8 Auer zesumme fir iwwer Direkthëllefen an iwwer déi nächst Mesuren ze decidéieren, fir de Betraffenen ze hëllefen. Direkt nom Regierungsrot géif d'Press iwwer déi weider Mesuren informéiert ginn, sou de Xavier Bettel.

"D'Assurancen hëllefe bei Demarchen a fir Suen ëremzekréien"
D'Assurancen hunn hire Cliente verséchert, si nom Tornado ze ënnerstëtzen. Zanter dem Freideg den Owend wieren déi meescht Agencë fir hir Clienten op, seet de Marc Hengen, Direkter vum Daachverband vun den Assurancen.

Arméi mobiliséiert, Regierungsrot kënnt beieneen
De Plan intemperies gouf declenchéiert fir finanziell Hëllef séierst méiglech kënne fräizesetzen. Weider Prioritéite sinn d'Securisatioun vun den Haiser an den Héichspannungsleitungen, sou den Direkter vum CGDIS.

Péiteng a Käerjeng raumen op
Beim Passage vun engem Tornado, deen de Freideg schwéiere Materialschued am Raum Péiteng gemaach huet, goufe 14 Leit blesséiert. Um hallwer 3 an der Nuecht waren der nach zwee vun hinnen hospitaliséiert, deelt d'Regierung mat.

Tornadoen a schwéier Onwiederen am Süde vu Lëtzebuerg
Bei de schwéieren Onwiederen am Süde vum Land sinn am Ganze siwe Persoune blesséiert ginn, eng dovu méi schlëmm. Dat schreift de CGDIS an engem Communiqué um néng Auer de Freideg den Owend.

D'Sonn an hiren Afloss op de Klima op der Äerd
D'lescht Woch huet eng markant Hëtztwell fir nei Allzäit-Temperaturrekorder gesuergt. Ass dat nëmmen duerch de Mënsch oder ginn et och natierlech Grënn? De Philippe Ernzer geet op déi ganz Thematik an.

Tropestierm am Atlantik, Pazifik, Indeschen Ozean a Mëttelmier
Nodeems de Philippe Ernzer op dat allgemeng Entstoe vun den tropesche Wirbelstierm gekuckt huet, kuckt hien am zweeten Deel zeréck op e puer markant Beispiller aus de leschte Joren.

Tropestierm am Atlantik, Pazifik, indeschen Ozean a Mëttelmier
Tropestierm sinn eng enorm Naturgewalt, déi duerch Wand, Reen an Iwwerschwemmunge grousse Schued uriichte kënnen. Virun allem an de Summerméint Juli an August, mee och nach bis an den Oktober eran kënnt et zu dëser Naturgewalt.

Tornadoen an eise Géigenden, an den USA a soss duerch d'Welt
Extrem Wiederevenementer ginn et iwwerall op der Welt, och bei eis. Just vergiesse vill Leit dat ëmmer erëm a fille sech an eisem klenge Lëtzebuerg virun de Gefore sécher.

Wéi entsteet eng Wiederprevisioun?
D'Wiederprevisioune sinn am Laf vun de Joren ëmmer méi präzis ginn a sinn aus eisem Alldag kaum ewechzedenken. Wéi gi se eigentlech opgesat a wéi lande se schlussendlech um Radio oder an der Wiederapp?

D'Joreszäiten
Op der Äerd ënnerscheede mir tëschent véier Joreszäiten. Wéi kommen dës Zäiten eigentlech zustanen? A firwat differenzéiere sech déi meteorologesch Joreszäite vun deenen, déi um Kalenner stinn?