Naturkatastroph Tornado am Süde vu Lëtzebuerg: "Dat bleift iergendwéi am Kapp hänken"

Well souwuel de Buergermeeschter Michel Wolter wéi och seng zwee Kolleege Schäffe freides, den 9. August am Ausland an der Vakanz waren, ass d'Responsabilitéit fir d'Tornado-Kris an der Gemeng Käerjeng ze geréieren dem Fränk Pirrotte zougefall, deem eenzege Vertrieder vum Schäfferot, deen dee Moment zu Land war.

Maurice Molitor (Interview) / Chris Zeien (Web)

Frank Pirotte
De Fränk Pirrotte (Mëtt)

Datt bei deem Tornado kee Mënsch ëm d'Liewe koum, wier wuel just e puer glécklecher Ëmstänn ze verdanken, mengt hien. De Moment, an deem den Tornado passéiert ass, wier op der Haaptstrooss net sou vill Trafic gewiescht wéi soss, sou de Frank Pirrotte. Vill Leit hätte sech och an den noe Supermarché oder an hir Autoen zeréckgezunn.

Fir hie selwer wier an de Stonnen nom Tornado net u Schlof ze denke gewiescht, seet de Fränk Pirrotte.

"Ech sinn am Fong no freides [wéi et ugaange war, esou géint hallwer 6] sonndes owes um eng Auer fir d'éischt an d'Bett gaangen. Do waren einfach esou vill Aufgaben ze erleedegen, esou vill Saachen ze koordinéieren ... an et huet een och vum Adrenalin hier, deen een a sech hat, net de Besoin gehat fir schlofen ze goen. Meng Handys-Nummer war dobausse bekannt, vu datt mer dee Moment nach keng aner ageriicht haten, an ech krut an deenen zwee Deeg eppes iwwer 500 Appeller op mäin Handy."

Eréischt no zwee Deeg hätt hien d'Gefill gehat, d'Situatioun wier am Grëff, sou de Käerjenger Schäffen. Bis sonndes mëttes wier de gréisste Problem d'Héichspannungsleitung gewiescht, déi iwwer d'Haaptstrooss louch. Se war zwar freides owes ofgeschalt ginn, hir Dréit hätten awer all Moment kéinte räissen, wat "eng ganz aner Katastroph" bedeit hätt fir déi Leit, déi do wunnen.

Freides, den 9. August 2019, huet de Käerjenger Schäffen Fränk Pirrotte am spéiden Nomëtteg eng Koppel op der Gemeng bestuet. Wéi hien dunn erausgaangen ass, huet hien den Tornado op sech duerkomme gesinn.

Och haut nach géif hie sech dacks freides un d'Evenementer erënneren, "dat bleift iergendwéi am Kapp hänken". "Ech mengen dat ass en Evenement, wat mech fir mäi Liewe gepräägt huet", seet de Fränk Pirrotte. Hien hätt zesumme mat senger Ekipp vun der Gemeng probéiert fir de Maximum fir d'Käerjenger Awunner ze maachen, an de Gros hätt ee banne 14 Deeg och iwwer d'Bün kritt, sou de Käerjenger Schäffen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Schued Tornado
Wiederkatastroph

D'Opraumaarbechte wiere gréisstendeels ofgeschloss, soen d'Buergermeeschter vu Péiteng a Käerjeng. D'Efforte fir Leit ze relogéiere ginn awer weider. D'Françoise Keller war op der Plaz.

Tornado
Reen a Bou

Den 9. August 2019 ass e staarken Tornado iwwer Deeler vum Südweste vum Land ewechgezunn an huet e massive Schued ugeriicht. Wéi koum et zu dëser Naturkatastroph?

CGDIS Tornado Reunioun.jpg
Nom Tornado

D'Koordinatioun vum nationale Rettungscorps wier nom Tornado e Freideg bis elo generell gutt verlaf. Dat seet de Koordinator vum CGDIS. Gëschter wier de Gros vum CGDIS-dispositif nom Tornado ofgeriicht ginn.

Tornado CGDIS twitter
Wiederkatastroph

Och nom Weekend stinn déi Betraffe vum Tornado zu Käerjeng a Péiteng nach ëmmer virun enger Partie Erausfuerderungen. D'Françoise Keller war op der Plaz an huet mat Betraffenen iwwer hir Andréck nom Tornado geschwat.

Philippe Ernzer
Wiederphenomer

Tornadoe wieren et der schonn ëmmer hei am Land ginn. Dat seet de Philippe Ernzer, Grënner vu Meteo Boulaide. Den Hobbymeteorolog geet dovun aus, datt den Tornado vun e Freideg ee vun deene stäerkste war.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen