EUROPÄESCHE WOCHERÉCKBLÉCK Timmermans vs Weber: Wien ass dee Beschten?

Gutt eng Woch virun den Europawahlen hëlt d'Zuel vun den Debate mat Spëtzekandidaten zou. Et schéngt, wéi wann dës Kéier e bësse méi gestridde gëtt, wéi am Wahlkampf viru fënnef Joer. Gëtt et Gewënner bei dësen Debaten? A wat brénge sou Sträitgespréicher eigentlech?

Danièle Weber (Bréissel) / cz

Danièle Weber
Danièle Weber (Foto: Foto: Elke Weber / Archiv)

Op gestridde gëtt oder net läit natierlech ëmmer un de Persounen. Virun de leschte Wahle stounge sech d'Spëtzekandidate Jean-Claude Juncker (Europäesch Vollekspartei) an de Martin Schulz (Europäesch Sozialdemokraten. S&D) géintiwwer. Si hunn net vill gestridden.

Dës Kéier ass dat anescht. Tëschent dem Manfred Weber (EVP) an dem Frans Timmermans (S&D) kraacht et zwar net gewalteg, mee si weisen duerchaus ënnerschiddlech Positiounen op verschiddenen Themen. Zum Beispill an der Sozialpolitik, mee och an der Klimapolitik. Wéi eng Ënnerscheeder sinn dat genee? An huet de Frans Timmermans iwwerhaapt eng Chance géint de Manfred Weber?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Analys
Europäesche Wocheréckbléck

An der EU gëtt driwwer gestridden, wéi d'Poste solle verdeelt ginn. Soll ee vun den europäesche Spëtzekandidate Kommissiounspresident ginn? D'Géigner vum System hu schwaach Argumenter, fënnt d'Danièle Weber.

Nicolas Schmit
Europawahlen 2019

Den Nicolas Schmit, LSAP-Spëtzekandidat fir d'Europawahlen, ass dogéint, datt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Fraktioun automatesch EU-Kommissiounspresident gëtt. Dat géif esou net an den Traitéë stoen.

Maastricht Debate
Europawahlen 2019

Als Optakt vun der waarmer Phas vum Europawahlkampf gouf d'Debatt annoncéiert, déi d'Universitéit vu Maastricht co-organiséiert huet. Verschidde Positioune waren an der Debatt awer net vertrueden.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen