Large-scale Testing Tester: "Wa méi Leit matmaachen, ka méi séier deconfinéiert ginn"

De Paul Wilmes rifft dozou op, sech op de Coronavirus testen ze loossen, wann een eng Invitatioun dofir heemgeschéckt kritt. De Mikrobiolog ass och Wëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg an hie gehéiert zu engem Grupp vu Wëssenschaftler, déi d'Regierung am Ëmgang mam Coronavirus beroden.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Paul Wilmes, porte-parole de la taskforce COVID-19 Research Luxembourg

Am Kader vun de sougenannten Large-scale Tester wëllt d'Regierung an den nächste Wochen e groussen Deel vun der Populatioun testen, d'Tester si fräiwëlleg. D'Unzuel vu Leit, déi sech dru bedeelegen, hätt en Afloss op d'Mesuren, déi d'Regierung an nächster Zäit hëlt, esou de Paul Wilmes.

"Et ass esou: Wat méi Leit do matmaachen, wat mer sécher dovunner ausgoe kënnen, datt mer méi séier an eben och méi sécher den Deconfinement kënne weider dreiwen."

Dat géif kloer aus de Simulatiounen ervirgoen, déi d'Wëssenschaftler vun der Task Force gemaach hunn. De Mikrobiolog mécht dofir en Appell un d'Solidaritéit vun de Leit.

Hie rechent mat engem Participatiounstaux vun op d'mannst 50 Prozent a wirtschaftleche Secteuren, déi besonnesch exposéiert sinn.

Eng méiglech zweet Well ka verhënnert ginn

Wann déi aktuell Hygiènesmesurë strikt agehale ginn, da kéint verhënnert ginn, datt et zu enger zweeter Well vum Coronavirus kënnt, esou de Paul Wilmes. De Mikrobiolog betount, d'Leit hätten et selwer an der Hand, ob de Virus sech nees méi séier verbreet.

"Wat ee ganz kloer ka soen, ass datt eng zweet Well haaptsächlech dovunner ofhängeg ass, wéi vill sozial Kontakter d'Leit wäerten hunn. Mir hunn dat schonn duerchdeclinéiert, a mir hu gekuckt, wéi vill méi Prozent u sozialem Kontakt, wéi dat sech da wäert auswierken, op déi berüümt-berüchtegt zweet Well."

De Paul Wilmes rifft dofir dozou op d'Hyiènesmesurë weider anzehalen. Wann dat geschitt, da wier et méiglech de Virus weider anzedämmen, esou de Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Stockholm
Mäin Europa

Enn Februar hunn déi meeschten europäesch Länner Ausgangsspären decidéiert fir d'Ausbreede vum neie Coronavirus anzedämmen. Schwede geet een anere Wee. D'Maxi Pesch huet sech informéiert.

Jean-Jacques Rommes Meenung
Fräie Mikro

Um Wee an eng ekonomesch Joerhonnertkris, bleift de Ruff no méi Solidaritéit net aus. Mee wësse mir iwwerhaapt, wat dat heescht?, freet sech de Jean-Jacques Rommes.

Paulette Lenert, ministre de la Santé ; Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État
Deconfinement

Vun e Mëttwoch u kënnen d'Caféen an d'Restaurante d'Terrassen erëm opmaachen, vun e Freideg u kann d'Horesca ënner Oplagen erëm ganz opmaachen. Et kommen och nach aner Oplockerungen.

Matthias Kirsch
Däitschland mécht op

Zënter ronn engem Mount geet an Däitschland dat ëffentlecht Liewe lues a lues nees op. Mat der Reouverture vun den Hotelle geet Däitschland an déi nächst Phas vun de Lockerungen. Ass dat ze fréi.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen