Duebelbesteierung Télétravail fir däitsch Frontalieren: Gespréicher gi virun

D'Finanzministesch Yuriko Backes hofft, datt si sech an den nächste Méint mat Däitschland eens gëtt iwwer eng besser Télétravailsreegelung fir däitsch Frontalieren. Si hätt ee ganzt positiivt Gespréich mam Finanzminister Christian Lindner gehat, a si géife sech am Oktober erëm gesi fir "hoffentlech sou séier wéi méiglech en Accord ze fannen", esou d'Yuriko Backes am 100,7-Interview.

Carole Schimmer / Jean-Claude Franck / cbi

Télétravail
Symbolbild. Foto: Štefan Štefančík / Unsplash

Lauschteren


Däitsch Frontalieren, déi hei am Land beschäftegt sinn, dierfe pro Joer just 19 Deeg Télétravail maachen, ouni an Däitschland besteiert ze ginn.

Fir franséisch Frontaliere läit de Plaffong bei 29 Deeg, fir belsch Frontaliere bei 34 Deeg.

Diskussioune mat Däitschland lafen

Am Oktober zejoert huet Lëtzebuerg mat Frankräich, grad ewéi mat der Belsch ee prinzipiellen Accord fonnt fir 34 Deeg Télétravail d'Joer ze erméiglechen.

Änlech Diskussioune lafen elo zanter e puer Woche mat Däitschland.

D'Finanzministesch Yuriko Backes seet d'Gespréicher géife weider goen a si geet dovunner aus, datt ee sech am Oktober erëm kéint gesi fir de Point ze maachen.

Harmoniséierte System: Skepsis vun der Yuriko Backes

D'Yuriko Backes ass éischter skeptesch iwwer d'Méiglechkeet fir eng eenheetlech Reegel ze fanne fir déi dräi Nopeschlänner. An enger idealer Welt hätt ee mat sengen dräi Nopeschlänner dee selwechte System, mee:

"Ech mengen, datt dat mat Däitschland net realistesch ass. D'Gespréicher féiere mir, mee ech sinn net iwwerzeegt, datt mir een harmoniséierte Regime fanne fir eis dräi Nopeschlänner."

Et dierft een net vergiessen, datt Däitschland néng Nopeschlänner huet, mat deenen all Kéiers een Duebelbesteierungsaccord fonnt misst ginn.

Méi zum Thema

Télétravail
Aarbechtsrecht

Vum 1. Juli u gëlle fir den Télétravail nees bilateral Ofkommesse mat den Nopeschlänner. Fir Frontaliere soll eng europäesch Léisung fonnt ginn. Et stelle sech awer praktesch Froen, ë.a. beim Aarbechtsrecht.

Groussgas
Aarbechtsmarché

Zu Lëtzebuerg schaffe 458.000 Leit, déi grouss Majoritéit dovun huet net déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Bal d'Hallschent vun de Leit, déi hei am Land schaffen, wunnen och net zu Lëtzebuerg.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen