Weltklimakonferenz Technizitéiten a Suen
Nom Paräisser Klimaofkommes gëtt zu Bonn d'Regelwierk ausgeschafft, fir den Accord ëmzesetzen. Eng Erausfuerderung wär, fir d'Finanzflëss kompatibel ze maache mat enger klima-resilienter Welt, seet d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg.
Et wär éischter eng technesch Konferenz. Et misst ee Reegelen ausschaffen, déi de Kader setzen an deem duerno de Weltklimaaccord ëmgesat gëtt. Am Dezember 2015 ware sech zu Paräis 195 Staaten eens ginn, fir déi global Erwiermung zënter der virindustrieller Zäit däitlech ënner 2 Grad ze halen.
Wichteg wär, datt an alle Beräicher vum Paräisser Ofkommes gemeinsam Reegelen ausgeschafft ginn, net just bei den CO2 Emissiounen, mä och bei der Klimafinanzéierung, seet d'Carole Dieschbourg.
Subventiounen an Investitiounen
Am Ofkommes vu Paräis ass e Solidaritéitsdeel, mam Engagement vun den Industrienatiounen, fir den Entwécklungslänner vun 2020 bis 2025 100 Milliarden am Joer zu Verfügung ze stellen, fir hir Klimaaktiounen z'ënnerstëtzen. "Lëtzebuerg huet sech do engagéiert mat 120 Milliounen Euro, an et gi scho konkret Projeten ëmgesat". Dat sinn iwwer 200 Euro pro Kapp iwwert déi ganz Period. Domadder wär een zesumme mat Schweden ënnert den héchste Contributeuren. "Lëtzebuerg ass exemplaresch", seet d'Carole Dieschbourg.
Dernieft wär et wichteg, fir d'Finanzflëss kompatibel ze maache mat enger klima-resilienter Welt. Nieft de Gelder aus der ëffentlecher Hand, misst och de ganze Privatsecteur mat abezu ginn, seet d'Ëmweltministerin. Dofir géing et d'Plattforme ginn, fir Risikoreduktioune bei Klimainvestitiounen. Dorunner géing zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank geschafft ginn.