Coronavirus Tango: "Kënnen déi gréisser Volumme bewältegen"

D'Internet Infrastrukture wieren zu Lëtzebuerg den Ament net duerch d'Covid-19 Kris iwwerlaascht. Dat soten eis op Nofro hin de staatleche Computer Incident Response Center CIRCL, an LU-CIX - de Bedreiwer vun engem vun den Haapt-Internet-Kniet, iwwer deen déi grouss Operateuren hei zu Lëtzebuerg, an zum Beispill och d'Video-on-Demand Plattform Netflix, lafen.

Pierre Reyland / cz

Illustratioun Internet, Reseau
Foto: Bigstock - Pang-rum

An der Schwäiz hate Medie virgëschter gemellt, datt et wéinst dem villen Télétravail an dem méi héije Gebrauch um Internet doheem, éischt Zeeche vun enger Iwwerbelaaschtung vum Reseau ginn hätt.

Hei zu Lëtzebuerg sot eis de Gérard Hoffmann, CEO vu Proximus Luxembourg, an deem Tango an Telindus sinn, datt et bei hinne keng Problemer mam Reseau géif ginn.

Et géif een eng considerabel Augmentatioun vum Trafic feststellen, virun allem bei de mobillen Appellen. "Eisen Internetreseau ass och staark sollicitéiert a mir gesinn eng staark Augmentatioun vum Datentrafic", sou den Direkter vu Proximus.


De Gérard Hoffmann

"Eise Reseau ass esou dimensionéiert, fir datt mer déi gréisser Volumme kënne bewältegen. Mir hu bis elo kee gréissere Souci, an eis Capacitéiten ginn definitiv duer."

Och dee gréissten Operateur, d'Post, sot eis, et géif den Ament keng Capacitéitsproblemer.

Xavier Bettel: No un engem Blackout

De Xavier Bettel äntwert op d'Fro no eventuelle Capacitéitsproblemer vun de Lëtzebuerger Datereseauen de Mëttwoch den Owend virun der Press: "Mir sinn un eise Limitten." Duerch d'Educatioun iwwer Distance wier d'Struktur bal iwwerfuerdert. Et wier kee Blackout ginn, mee et wier een no dru gewiescht.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen