ADR Sylvie Mischel ka sech fir Parteiposten opstellen

De President vun der ADR schléisst net aus, datt d'Sylvie Mischel iergendwann nees eng Féierungsroll an der Partei iwwerhëlt. D'Partei hätt keng Sanktioun géint d'Sylvie Mischel ausgeschwat, esou de Jean Schoos, mee si wär fräiwëlleg vun hire Posten zeréckgetratt. Wa si nees en Amt wéilt iwwerhuelen, kéint si sech also dofir opstellen.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Jean Schoos
Den ADR-Parteipresident Jean Schoos

Et wiere keng Sanktioune vis-à-vis vun der Sylvie Mischel ausgeschwat ginn, mee si wier fräiwëlleg zeréckgetratt. Wéi jiddwereen, dee vun engem Posten zerécktrëtt, kéint si sech erëm fir politesch Poste mellen, "wa si denkt, et wier un der Zäit erëm politesch aktiv ze ginn", esou de Jean Schoos.

Eng Grenz iwwerschratt

D'Sylvie Mischel war iwwer de Weekend an d'Kritik geroden, well si der Regierung op Facebook virgeheit hat, si géif net genuch fir Lëtzebuerger am Land maachen. Doropshi war si ënner anerem als Vizepresident vun der Partei an als Presidentin vun der Fraesektioun bei der ADR zeréckgetratt.

D'Sylvie Mischel hätt mat hirem ëmstriddene Facebook-Post "eng Grenz" bannen der ADR iwwerschratt, seet dem ADR-President Jean Schoos. Déi mëttlerweil demissionär Vizepresidentin vun der ADR hat d'Migratiounspolitik vun der Regierung op Facebook kritiséiert mam Hiweis, et géif net genuch fir d'Lëtzebuerger am Land gemaach ginn.

Den ADR-President sot eis, déi Themen dierften net matenee vermëscht ginn; et dierft ee kee vergiessen, mee et wéilt een net "déi eng géint déi aner" ausspillen, esou de Jean Schoos. E Posting wéi vun der Sylvie Mischel "wier net vun der Partei komm".

Hir Partei huet sech mëttlerweil vu verschiddene Reaktiounen op dee Post distanzéiert. De Jean Schoos erkläert, datt d'Sylvie Mischel Verantwortung iwwerholl hätt, wéi hir déi "ganz Saach aus den Hänn gerutscht ass".

D'Konsequenzen droen

D'Parteiexekutiv hätt festgehalen, datt Posten, déi zwee Theme vermëschen, net méi solle gemaach ginn. Kloer Reegelen hätt d'Partei awer net festgeschriwwen. All Parteimember wier selwer responsabel fir déi Saachen, déi hien online post a misst spéider dofir riicht stoen.

D'ADR géif fir d'Meenungsfräiheet stoen a jiddweree wier fräi, seet de Jean Schoos: "Dat heescht jiddwereen ass [fir sech] responsabel. Dat huet awer dann och d'Konsequenz, datt een och d'Konsequenze vun der Responsabilitéit droe muss."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Sylvie Mischel
No Facebook-Post

Haut kënnt den Exekutivcomité vun der ADR zesummen fir iwwer d'Konsequenze vum Facebook-Post vun der Sylvie Mischel ze beroden. Hir gëtt virgehäit, e rassistesche Post verfaasst ze hunn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen