Panama Papers Sven Giegold kritiséiert Interventioun vu Lëtzebuerger Regierung

Déi Lëtzebuerger Acteuren, déi am Kader vun der Affär vun de Panama Papers net ausgesot hunn, sollen nach eng Kéier invitéiert ginn. Dat fuerderen déi Gréng am Europa-Parlament. Dës Kéier sollen d'Entreprisen an d'Affekoten op Bréissel geruff ginn, fir mat der europäescher Enquête-Kommissioun "Geldwäsch, Steiervermeidung a Steierflucht" ze schwätzen. D'Regierung wier dem europäesche Recht no dozou verflicht, mat der Enquête-Kommissioun ze kooperéieren, esou de Sven Giegold.

Serge Kesseler / pro

Giegold
Sven Giegold

Ënnert de Persounen, mat deenen d’Kommissiounsmemberen net konnte schwätzen, sinn d'Affekoten Albert Wildgen an Alain Steichen an de fréieren Affekot an aktuelle Staatssekretär Guy Arendt, esou de Sven Giegold.

Et wier net un der Lëtzebuerger Regierung fir z'intervenéieren a fir déi verschidden Acteuren dozou opzefuerderen, virun d'Enquêtëkommissioun ze trieden, sot de Finanzminister Pierre Gramegna d'lescht Woch. De Sven Giegold, finanzpolitesche Spriecher vun deene Gréngen am Europaparlament a Member vun der Enquêtëkommissioun ass do awer ganz anerer Meenung.

Et hätt een d'Regierung ëm Hëllef gefrot, fir méi Acteuren dozou ze kréien auszesoen. Elo wier kloer, firwat bal kee sech gemellt hätt. D'Regierung hätt deene Leit dovunner ofgeroden, mat der Panama-Kommissioun ze schwätzen, an dat obschonn si no europäeschem Recht verflicht wier mat Enquêtëkommissioune vum europäesche Parlament ze kooperéieren.

E Verstouss géint EU-Recht

De radio 100,7 hat e Freideg gemellt, datt de Finanzministère op d'mannst engem Geschäftsaffekot ofgeroden hat, an der Enquêtëkommissioun auszesoen. Déi deementspriechend Email läit eis vir. De Ministère huet dem Affekot geschriwwen, datt et besser wier, net an d'Panama-Kommissioun ze goen.

Esou eppes wier nach ni virkomm, betount de Sven Giegold. Dat kréich ganz sécher nach e Nospill. Hien erwaart sech elo Hëllef vun der Regierung fir endlech mat all den Acteuren op der Lëtzebuerger Finanzplaz kënnen zesummen ze kommen a Kloerheet ze schafen.

De finanzpolitesche Spriecher vun der europäescher grénger Fraktioun géif sech wënschen, datt elo och déi Lëtzebuerger Deputéiert hir Roll an dësem Kontext iwwerhuelen. D'Regierung hätt hei géint europäescht Recht gehandelt a misst Ried an Äntwert stoen.

D'Europa-Parlament dierft net acceptéieren, datt e groussen Deel vun deenen Entreprisen, déi fir Geldwäsch a Steierhannerzéiung responsabel wieren, net kéinte gehéiert ginn. Wie sech net géif traue mat der Kommissioun ze schwätzen, géif den Androck maachen, eppes ze verstoppen ze hunn. Forcéiere kann déi europäesch Enquêtëkommissioun awer keen.

Radiobäitrag - Kritik vum Sven Giegold

Méi zum Thema

Panama Papers Exklusiv
Panama Papers

De Finanzministère huet op d'mannst engem Geschäftsaffekot ofgeroden an der Enquêtekomissioun iwwer d'Affär Panama Papers auszesoen. Dat steet am Widdersproch zu ëffentlechen Aussoe vum Pierre Gramegna.

Steiererklaerung.jpg
Steier- a Finanzpolitik

No Luxleaks a Panama Papers soll ee Wuert ganz grouss geschriwwe ginn: Transparenz. Lëtzebuerg wëll méi propper do stoen. Ee Réckbléck op dat wat dëst Joer gemaach ginn ass fir dat Zil ze erreechen.

finance concept with Luxembourgeois national flag and golden coins
Finanzplaz

D'Finanzplaz bréngt dem Land ee grousse Räichtum, huet awer och negativ sozio-politesch Konsequenzen. Trëfft awer elo déi méi radikal Analys vun der US-Wëssenschaftlerin Brooke Harrington zou?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen