Musée fir zäitgenëssesch Konscht Suzanne Cotter nei Mudam-Direktesch

D'Australierin Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Enrico Lunghi, deen Enn 2016 demissionéiert hat. D'Suzanne Cotter ass aktuell Member vum Comité scientifique vum Mudam.

Exklusiv Mudam
De Mudam

D'Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. De Paperjam hat schon Ufank August gemellt, datt d'Australierin d'Successioun vum Enrico Lunghi géif iwwerhuelen. De Musée fir zäitgenëssesch Konscht wäert den Numm vun der neier Direktesch muer offiziell virun der Press bekannt maachen.

D'Suzanne Cotter ass zënter 2013 Direktesch vum Serralves Musée zu Porto a Portugal, esou de Paperjam. Virdrun war si Curatrice vum Guggenheim Projet zu Abu Dhabi. D'Suzanne Cotter huet déi grouss Entwécklungslinne fir de geplangte Musée an de Vereenegten Arabeschen Emiraten ausgeschafft.

Vun 2002 bis 2009 war d'Suzanne Cotter Directrice adjointe an der Galerie fir modern Konscht zu Oxford. D'Australierin ass och Jury-Member a sëtzt am Conseil vu verschiddenen Institutioune fir zäitgenëssesch Konscht an Däitschland, Portugal, Frankräich an den USA.

Méi zum Thema

20170601_125225.jpg
Konscht

Wéi bekannt si Lëtzebuerger Kënschtlerinnen a Kënschtler? Déi Fro sollt eng grouss Ëmfro beäntweren. D'Resultat ass eendeiteg: Deene meeschte Leit ass Konscht vu Lëtzebuerg eigentlech egal.

Enrico Lunghi am Mudam Exklusiv
Mudam

De Generaldirekter vum Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean huet 100,7-Informatiounen no demissionéiert. Iwwert d’Grënn ass nach näischt gewosst.

Net verpassen

  • Webinaire iwwer ADHS

    Webinar_SCRIPT_2021_10_26_ADHS.JPG

    Opmierksamkeetsdefizit-/ Hyperaktivitéitsstéierung: sensibiliséieren, informéieren a besonnesch d'Léierpersonal forméieren, fir mat Schüler, déi dës Krankheet hunn, ëmzegoen.

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen