Musée fir zäitgenëssesch Konscht Suzanne Cotter als Direktesch confirméiert

D'Australierin Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht. Dat huet de Laurent Loschetter, Member vum Mudam-Verwaltungsrot, haut der Press géigeniwwer confirméiert. Si iwwerhëlt domat d'Successioun vum Enrico Lunghi, deen Enn 2016 demissionéiert hat.

Suzanne Cotter
Suzanne Cotter

Et ass elo offiziell: D'Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. De Musée fir zäitgenëssesch Konscht huet déi 100,7-Nouvelle um Freideg Moien virun der Press confirméiert. D'Suzanne Cotter fänkt op den éischte Januar 2018 un. D'Australierin hätt e rise Carnet d'Adresse. Si hätt nach an all Musée an hirer Carrière eng grouss Ouverture hi kritt an eng Integratioun no bannen, sot de Laurent Loschetter, Member vum Mudam-Verwaltungsrot, virun der Press. D'Suzanne Cotter hätt eng absolut Fräiheet gefrot fir de Kaf vu Konschtwierker. Si wier vum groussaartege Gebai vum Mudam a vun der Multikulturalitéit hei am Land iwwerzeegt. D'Suzanne Cotter ass zënter 2013 Direktesch vum Serralves Musée zu Porto a Portugal. Dem Verwaltungsrot no goufen et 43 passend Kandidaturen, dovunner dräi vu Lëtzebuerger.

Méi zum Thema

Mudam Exklusiv
Musée fir zäitgenëssesch Konscht

D'Australierin Suzanne Cotter gëtt nei Direktesch vum Mudam. Dat huet eng gutt informéiert Source eis confirméiert. Si iwwerhëlt d'Successioun vum Enrico Lunghi, deen Enn 2016 demissionéiert hat.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen