Immigratioun Strukture fir Refugiée si gréisstendeels besat
De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn huet de Moien déi rezentsten Zuelen a Saache Refugiée presentéiert. D'Zuel vun de Leit déi aus der Ukrain bei eis kommen hätt sech stabiliséiert. Ganz vill Ukrainer sinn an Tëschenzäit och nees zréck an hier Heemecht gaangen. Tëscht dem 10. Mäerz an dem 5. Juli dëst Joer hu 4.195 Leit hei am Land de Statut vun der Protection temporaire kritt, de Gros dovunner si Leit aus der Ukrain.

3.832 Leit sinn an de Strukture vum Office national de l'accueil ënnerbruecht, dorënner 1.237 Ukrainer. Et gëtt donieft geschat, datt ronn 3.000 Leit aus der Ukrain privat ënner Dag komm sinn. D'Zuel vun den demandeurs de protection internationale, also meeschtens Refugiéen aus Länner wéi Syrien, Eritrea an dem Afghanistan huet iwwerdeems nees ugezunn an den Niveau vu virun der Pandemie erreecht.
Dat heescht et gëtt enk an de Strukturen?
Dat kann ee soen. Et sinn am ganzen 3.832 Leit aus 82 Natiounen an de Strukture vum ONA, also dem Office national de l'accueil. D'Strukture sinn zu 95 Prozent beluecht, am Primo-Accueil bleiwen d'Leit am Schnëtt 600 Deeg hänken, obwuel se de Statut schonn hunn. Si fannen um Lëtzebuerger Marché einfach keng Wunneng. Et setzt een elo op weider Foyeren, déi zum Deel nach am Ëmbau sinn, wéi zum Beispill d'Weilerbach, eng Hal zu Contern mat 500 Betten, oder och nach dat aalt Wort-Gebai. Bis zu 600 Better kéinten iwwerdeems bis Enn dës Joers am sougeannte Batiment T, dem alen Iwwersetzergebai installéiert ginn. Zum Deel sinn d'Aarbechte blockéiert, well Materialengpäss bestinn. D'Zelt um Kierchbierg dergéint soll bis de Wanter sou gutt wéi keng Leit méi ophuelen. Den Ausseminister mécht dofir och en Appell un d'Gemenge fir Strukturen zur Verfügung ze stellen.
Wéi eng Reegele gëllen da fir Leit déi aus der Ukrain bei eis kommen?
Jiddwereen deen de 24. Februar 2022 an der Ukrain gelieft huet kritt e Certificat, datt en d'protection temporaire huet an e behält säi Pass mat deem en och 90 Deeg an d'Ausland kann. E Refus vum Statut gëtt et nëmmen, wann den Demandeur schonn an engem anere Land unerkannt ginn ass. Donieft kréie si an den ONA-Strukture materiell Hëllef an en Ënnerdag. Schoulflichteg Kanner kënnen eng Schoul besichen an déi Erwuesse kënne sech och op der ADEM aschreiwen an hei schaffen, 571 Leit hunn dat bis elo och gemaach. Déi betraffe Leit sinn och mam Statut automatesch an der Krankekeess affiliéiert a kréien also Dokteschkäschte rembourséiert. De Statut gëlt fir all Leit déi sech beim Optakt vum Krich an der Ukrain opgehalen hunn, onofhängeg vun der Nationalitéit. Lëtzebuerg huet deen Delai souguer op den November 2021 no hanne geréckelt fir déi Leit, déi an enger Prozedur waren déi dräi Méint dauert. Auslännesch Studenten aus der Ukrain kréie bei eis de Studentestatut, kënnen awer net op Strukture vu der ONA zeréck gräifen, well se jo theoretesch kënnen zréck an hier Heemechtslänner.