An dem Bréif un d'Doktere schreift den Direkter vun der Santé, de Jean-Claude Schmit, datt him zu Ouere komm wier, datt verschidden Dokteren an Zänndokteren nees Patiente géife behandelen a Fäll, déi weder urgent nach schlëmm wieren. Cabinete mat liberalem Statut sollten an dësen Zäiten awer nëmmen esou urgent a schlëmm Fäll traitéieren. Esou de Jean-Claude Schmit, deen d'Dokteren och drun erënnert, datt d'Santé Kontrollen duerchféiert a Strofe bei Verstéiss virgesi sinn.
Haut de Moien dunn déi veriergert Reaktioun vun der AMMD: De Bréif vun der Santé wier a Form, Toun an Inhalt onglécklech. Dat an enger Phas, wou all Efforte misste gemaach ginn, fir nees méi Krankheeten, déi näischt mat dem Coronavirus ze dinn hunn, ze behandelen. D'Dokteschorganisatioun schreift hire Memberen och, datt ee schonn de 14. Abrëll d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert op dës Thematik ugeschwat hätt an och de Santés-Direkter informéiert wier.
D'Ministerin hätt esou eng Demarche deemno mëndlech an och an der Press ënnerstëtzt.
Déi meescht Doktere géife sech un d'Reegelen halen a sech um Kampf géingt de Coronavirus bedeelegen. Esou d'AMMD. Et hätt een elo eng Entrevue mat der Paulette Lenert gefrot, fir iwwer eng Situatioun ze schwätzen, déi - Zitat - "net ouni Konsequenze bléiwe kann".