Ëffentlechen Transport TICE gesäit sech net am Feeler

TICE-Bus.jpg
MMFE, TICE-Bus, CC BY-SA 3.0

Den TICE léisst sech net vum OGBL a vum Landesverband erpressen. D'Gewerkschaften haten dem Syndikat fir de Persounentransport an de Gemenge vum Kanton Esch en Ultimatum gestallt an eng Entrevue virum 17. Februar gefuerdert. De Syndikat huet awer net noginn an en Treffe fir de 9. Mäerz ugebueden.

D'Gewerkschafte soten d'lescht Woch, beim TICE géif et grave Problemer ginn. De Statut vum Gemengebeamte géif net respektéiert ginn, an déi politesch Responsabel vum TICE géife sech net un Uerteeler vum Verwaltungsgeriicht halen, heescht et an engem Communiqué.

Hannergrond vun den Uerteeler

Den Henri Hinterscheid, President vum TICE, ass oppe fir den Discours mat de Gewerkschaften. Hie versteet awer net, wou d'Kritik vun de Gewerkschaften hierkënnt. Den Henri Hinterscheid präziséiert am 100,7-Interview den Hannergrond vun den Uerteeler. An hie gesäit sech net am Feeler.

Ee Jugement géif sech op Revocatioune bezéien, respektiv op Net-Nominatioune vu Leit am Stage. "Do si mir an engem Jugement, deen ass annuléiert ginn, well mir e Formfeeler begaangen hunn. Awer kee Fongfeeler." D'Form wier iwwerschafft ginn, och op Récksprooch mam Inneministère. "Sou datt mir dat net kënnen esou acceptéieren." Bei engem zweete Jugement géif een op den Appell waarden.

Keng Kenntnis vu Mobbing

D'Gewerkschafte geheien dem TICE awer och Mobbing géint d'Personal vir. "Déi genee Ëmstänn entzéie sech eiser Kenntnis", seet den Henri Hinterscheid. Plakativ Aussoe vu Mobbing géint Personal wieren einfach an d'Welt ze setzen.

Wa Fäll vu Mobbing géifen optrieden, géif een dat allerdéngs ganz serieux huelen. "Dat spillt sech jo meeschtens zwëschent Beschäftegte selwer of. Da setze mir Mediatiounen en place. Eng plakativ Ausso vu Mobbing, déi acceptéiere mir net. An dat ass och vum Comité unanime rejettéiert ginn."

Reaktioun Henri Hinterscheid

Méi zum Thema

Mylène Wagner-Bianchi
Eisebunn

D'Aggressioune géint d'Personal am ëffentlechen Transport stagnéieren op héijem Niveau. Dofir soll eng Policeunitéit do agesat ginn, wou d'Personal u Limite stéisst, esou d'Mylène Bianchy.

Buschauffer
Transportsecteur

D'Verhandlungen ëm en neie Kollektivvertrag fir privat Buschauffere sinn an enger Sakgaass, sou den OGBL. Den Dossier ass elo op der Conciliatioun. De Knackpunkt sinn d'Dagesaarbechtszäiten.

Romain Daubenfeld
Transportsecteur

En Aarbechtsdag vu 14 Stonnen ass bei de private Busentreprisë keng Seelenheet. Do bleift net vill Zäit fir Rou a Privatliewen. Dës Problematik ass de Moment en Thema a schwierege Verhandlungen tëscht Patronat a Gewerkschaften.

Gilles Dostert.jpg
Mobilitéit

D'Autosfuerer stoungen zejoert am Duerchschnëtt 34 Stonnen am Stau. Den Tram wäert dat verbesseren, seet den Direkter vum Verkéiersverbond.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen