arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sträit an der protestantescher Kierch

Relioun

|
reading time

2 min

Sträit an der protestantescher Kierch

Déi Protestantesch Kierch ass gespléckt. Hire Chef, de Volker Strauss kritt virgehäit, sech net un déi intern Reegelen ze halen. De Sträit ass viru Geriicht. Uganks der Woch gouf et eng Perquisitioun.

reading time

2 min

Virun e puer Woche gouf de Volker Strauss, Titularpaschtouer vun der protestantescher Kierch, an och de Konsistorium an éischter Instanz zu enger Strof vu jee 1.500 an 3.000 Euro veruerteelt. Si kréie virgehäit, e Member aus dem Regëster ausgeschloss ze hunn, ouni dobäi d'Prozedur agehalen ze hunn.

D'Geriicht wier senge Beweiser net komplett nogaangen, behaapt de Chef vun der Protestantescher Kierch. Deemno wier een elo an Appell gaangen. Op de Virworf vun der Oppositioun, datt d'Protestantesch Kierch d'Käschte vum Prozess iwwerhëlt, wollt de Volker Strauss net äntweren. "Mir sinn elo am gaangen dat intern ofzeklären."

Perquisitioun a Clausen

Fënnef Membere vun der protestantescher Kierch, de Christian Bauer, de Charles King, de Klaus Loetsch, de Julian Presber an de Jean-Luc Spetz, déi alleguer och Member vum Konsistorium waren, hunn d'Justiz op "Mëssstänn" an op e systematescht Net-Anhale vun de Statute bannent der Kierch opmierksam gemaach. Dat geet aus engem oppene Bréif vun de Memberen un d'Evangelesch Gemeinschaft ervir. Doropshi koum et en Dënschden zu enger Perquisitioun an der Protestantescher Kierch a Clausen. D'Police huet administrativ an informatesch Donnéeë matgeholl.

D'Virwërf géint de Chef vun der Kierch sinn nëmmen en Deel vun engem gréissere Konflikt bannent der protestantescher Communautéit. "Et gi relativ vill Saache behaapt, ouni datt se fondéiert sinn", seet de Volker Strauss. De Paschtouer wier awer "erschreckt" gewiescht, datt op eemol fënnef Poliziste virun der Kierch stoungen. "Mir hoffen elo, datt d'Virwërf opgekläert ginn."

Zréck an de Mëttelalter?

Zum Beispill gëtt och kritiséiert, datt intern Reegele sollen agefouert gi fir de Rechtsstaat ze ëmgoen. Den neie Projet vun de Statute gesäit ee Kierchegeriicht fir. Deemno kéint ee keng Plainte méi bei engem staatleche Geriicht maache, wann et em intern Dysfonctionnementer geet. Déi intern Kritiker schwätzen an engem oppene Bréif vun engem "Zréck an de Mëttelalter". Dem Volker Strauss no wier de Rechtswee awer ni ausgeschloss.

Den Titularpaschtouer vun der protestantescher Kierch setzt op den Dialog fir nees "Fridden" an d'Situatioun ze bréngen. "Mir wëllen elo schnell Gespréichsgruppen organiséiere fir déi, déi sech ausschwätzen oder kritiséiere wëllen", esou de Volker Strauss.