Uni Lëtzebuerg Stéphane Pallage als neie Recteur proposéiert

D'Uni Lëtzebuerg hätt mam Ekonomist Stéphane Pallage bannent kuerzer Zäit ee Successeur fir de Rainer Klump fonnt, deen am Mee zréckgetruede war. Dat an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen.

Pia Oppel / fk

Exklusiv Uni Lëtzebuerg
Uni Lëtzebuerg

De Stéphane Pallage soll eisen Informatiounen no neie Recteur vun der Uni Lëtzebuerg ginn. Den Ekonomist schafft aktuell a Kanada op der Universitéit vum Québec zu Montreal. Zënter 2013 ass hien do den Doyen vun der "Ecole des Sciences de la Gestion".

Den 49 Joer ale Belsch huet seng professionell Carrière op der Uni Léck ugefaangen. Sengem CV no schwätzt hie Franséisch, Däitsch an Englesch.

Dräi Kandidate proposéiert

Am Mee war de Rainer Klump an der Suite vun administrativen a budgetären Turbulenzen als Recteur zréckgetrueden. D'Uni hätt mam Stéphane Pallage bannent kuerzer Zäit ee Successeur fonnt.

De Conseil de Gouvernance krut am September dräi Kandidate vun enger Uni-interner Kommissioun proposéiert, déi all d'Kandidaturen evaluéiert huet. Eisen Informatiounen no waren an der enker Auswiel just extern Kandidaten.

De Conseil de Gouvernance vun der Uni huet sech du fir de Stéphane Pallage entscheet. Zu dësem Choix gëtt de Conseil Universitaire, wou d'Enseignanten an d'Studente vertruede sinn, haut de Mëtteg ee consultativen Avis of. Iwwert d'Nominatioun entscheet schlussendlech de Regierungsrot.

Méi zum Thema

Uni Lëtzebuerg
Uni Lëtzebuerg

Eng Rekrutementskommissioun ouni Regierungsvertrieder ass beoptraagt, fir en neie Recteur ze fannen. D'Gestioun vum Budget soll Deel vum Dagesgeschäft a méi transparent ginn.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen