Prisong "D'Stëmmung ass am Moment net gutt"

De Coronavirus zirkuléiert weider am Prisong zu Schraasseg. Déi verschäerfte sanitär Mesurë solle wuel bis an d'neit Joer verlängert ginn - an dat suergt fir Tensiounen, esou den Direkter vun der Prisongsverwaltung.

Rick Mertens (Interview) / Tessy Troes (Web)

Serge Legil
De Serge Legil ass de Chef vun der Prisongsverwaltung (Foto: Archiv)

Am Moment wieren 31 Prisonéier Covid-positiv, an 81 Detenue wieren a Quarantän, well se Kontakt mat engem Infizéierten haten. De Serge Legil preziséiert, datt am Moment zwee Detenue wéinst Covid hospitaliséiert wieren:

"Dovun hat een Detenu virdru scho ganz grave Pathologien, an dee virdru gesondheetlech schonn extrem ugeschloe war. Den ass an d'Spidol geholl ginn, well en eng schlecht Evolutioun vun der Symptomatik hat. An den aneren ass éischter par Mesure de précaution an d'Spidol geholl ginn."

Dës zwee Prisonéier wieren awer um Wee vun der Besserung, esou de Serge Legil, si géifen deemno geschwënn erëm an de Prisong zeréckkommen.

Formatiounen an Ateliere sinn ofgesot

De Serge Legil rechent dofir domat, datt déi verschäerfte sanitär Mesuren, déi am Moment am Prisong gëllen, bis an dat neit Joer era musse verlängert ginn. Fir d'Prisonéier bedeit dat zum Beispill, datt hir Formatiounen an Atelieren ofgesot sinn. An dat géif fir méi Tensioun suergen ewéi soss, seet de Serge Legil:

"Déi Stëmmung ass am Moment net gutt. D'Leit hunn Angscht, wat absolutt verständlech ass. Et weess kee Mënsch, wat genau geschitt, wéi déi Saach evoluéiert. Déi nei Noriichten iwwer Omicron droen och elo net zur allgemenger Berouegung bäi."

D'Prisongsverwaltung wonnert sech awer, datt trotz allem d'Demande fir sech impfen ze loossen, net an d'Luucht gëtt.

De genauen Impftaux ënner de Prisonéier kennt de Serge Legil wéinst dem Secret Médical zwar net. Den Direkter vun der Prisongsverwaltung geet awer dovun aus, datt manner ewéi d'Hallschent vun den Detenuen zu Schraasseg géint de Coronavirus geimpft sinn.

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Serge Legil
Prisong

Am Prisong zu Schraasseg sinn nach ëmmer keng "Visites hors surveillance" méiglech, confirméiert de Serge Legil am 100,7-Interview. Bei den iwwerwaachte Visitte wier awer Kierperkontakt méiglech.

D'UNISEC zu Dräibur
Gesellschaft

​Well d'Bevëlkerung wiisst braucht Lëtzebuerg och méi Plaz fir Jonker opzefänken, déi soss an de Prisong op Schraasseg géife kommen. Dat seet de Procureur général adjoint David Lentz.

Serge Legil
ADMINISTRATION PÉNITENTIAIRE

Déi net versprëtzten Impfdosissen aus dem Prisong wieren zeréck an den Impfzenter komm. De Serge Legil widderleet domat Informatiounen aus enger parlamentarescher Ufro, datt déi refuséiert Impfungen net weiderverdeelt goufen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen