Lëtzebuerger Wort Demissiounen an der Chefredaktioun
D'Lëtzebuerger Wort verléiert zwee Membere vu senger Chefredaktioun. De Claude Feyereisen, Rédacteur en chef adjoint, verléisst d'Dageszeitung. De Marc Schlammes, bis elo och Rédacteur en chef adjoint, bleift am Wort, hält awer an der Chefredaktioun op.
Saint-Paul huet viru sechs Woche ronn 70 Mataarbechter entlooss. Zanterdeem hunn eng Rei Journalisten demissionéiert. An der Suite dovu ginn et elo och zwou Demissiounen an der Chefredaktioun.
De Marc Schlammes, Vize-Chefredakter, confirméiert, datt hien op den 1. Januar säi Posten an der Chefredaktioun zur Verfügung stellt. Hie géif awer am Wort bleiwen. Hie wéilt sech erëm méi op seng Aufgab als Chef vun der Innepolitik konzentréieren. Dat hätt hie senge Kolleegen an der Chefredaktioun och scho virun zwou Woche matgedeelt.
De Claude Feyereisen, zweete Vize-Chefredakter, verléisst d'Lëtzebuerger Wort. Dat huet de Paul Peckels, Generaldirekter vu Saint-Paul, eis confirméiert.
Engpäss an der Lokalredaktioun
De Claude Feyereisen war viru gutt dräi Joer Member vun der Chefredaktioun ginn. Viru Kuerzem war hie Chef vun der Lokalredaktioun ginn, well de fréiere Chef vum Lokalen, de Gilles Siebenaler, an der Suite vun den Entloossungen demissionéiert hat. D'Lokalredaktioun huet wéinst den Entloossungen an Demissiounen bannent e puer Wochen d'Hallschent vun hire Journaliste verluer.
De Generaldirekter Paul Peckels sot eis, hie géif déi Departe bedaueren. Et misst een elo kucken, wéi déi fräi Plazen an der Chefredaktioun besat ginn.
Chefredakter ass nach ëmmer de Roland Arens. D'Lëtzebuerger Wort ass déi gréisste Lëtzebuerger Dageszeitung.