arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steieroptimiséierunge nach weider méiglech

#OpenLux

|
reading time

2 min

Steieroptimiséierunge nach weider méiglech

D'Regierung hätt Recht wa se seet, Lëtzebuerg géif a senger Fiskalitéit all international Reegele respektéieren. Dat sot den Direkter fir Steierfroen bei der Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung (OECD) am 100,7-Interview.

reading time

2 min

De Pascal Saint-Amans huet awer drop higewisen, datt nach net alles reguléiert wier: am Beräich vun der Fiskalitéit fir physesch Persounen wiere Steieroptimiséierungen zum Nodeel vun anere Länner ëmmer nach méiglech. Dat kéint e politesche Problem duerstellen an dofir géif d'OECD sech fir eng minimal Besteierung weltwäit staark maachen. Lëtzebuerg géif dës Approche och ënnerstëtzen.

D'Organisatioun fir Entwécklung an Zesummenaarbecht erkennt un, datt Lëtzebuerg Progrèse bei der Transparenz vun senger Finanzplaz gemaach huet. Dat wier awer net onbedéngt e Widdersproch zu deem, wat international Journalisten an de leschten Deeg mat hirer OpenLux-Recherche uprangeren, esou de Pascal Saint-Amans:

"Il reste des instruments qui facilitent la concurrence fiscale pour les personnes physiques: l'absence de plus-values, l'absence de droits de transmission à titre gratuit, de droits de succession qui sont des problèmes purement domestiques pour les Luxembourgeois, entre les Luxembourgeois, mais qui peuvent être utilisés par des structures off-shore, et c'est ça ce que montrent ces papiers."

International Zesummenaarbecht

Un enger gewësser Steierkonkurrenz tëscht de Länner wier u sech näischt auszesetzen, seet de Pascal Saint-Amans. All Land wier e souveräne Staat, mee et misst ee sech bewosst sinn, wat fir een Impakt déi national Decisiounen op aner Länner hunn.

Et sollt een et net op d'Spëtzt dreiwen, mee et misst een déi aner Länner och respektéieren, well national Decisioune kéinten och Konsequenzen a Reaktioune vun anere Länner mat sech bréngen. De Pascal Saint-Amans warnt dohier virun enger ze aggressiver Steierpolitik, déi am Endeffekt schlecht fir jiddweree wieren. Et wier deemno wichteg an der Fiskalitéit zesummen ze schaffen.