Wirtschaft Steet Kanada virun enger Immobiliekris?

Kanada kämpft mat héijen Immobiliepräisser. D'Regierung vun der Provënz Ontario versicht, d'Spekulatioun ze bremsen. Eng Immobiliekris wier ee nämlech grousse Problem fir déi kanadesch Ekonomie. War et fir dës Moossnamen schonn ze spéit? A wat kéint eng Immobiliekris fir Kanada bedeiten?

Yascha Wecker (Kanada) / fk

Analys Typesch Haiser zu Toronto.jpg

Eng an eng hallef Milliounen Dollar. Dat ass den duerchschnëttleche Präis fir een Eefamilljenhaus an der kanadescher Metropol Toronto. Dat ass beim aktuellen Taux de Change bal eng Millioun Euro. Eng grujeleg Realitéit fir vill jonk Familljen, déi do hiert éischt Haus wëlle kafen.

Astronomesch Präisser wéinst Spekulatioun

Den Haaptproblem ass ouni Iwwerraschung d'Spekulatioun, déi d'Präisser an astronomesch Héichten dreift. An der Groussregioun vun Toronto sinn d'Lëschte-Präisser vun den Haiser an Appartementer an engem Joer ëm méi wéi 30 Prozent geklommen. Souguer de Gouverneur vun der kanadescher Zentralbank sot Mëtt Abrëll a sengem Rapport iwwert d'Währungspolitik, datt d'Nofro méi vun der Spekulatioun an den auslänneschen Investisseuren ugedriwwe gëtt, wéi vun de Leit, di sech een Haus wëlle kafe fir dran ze wunnen.

Ëmmer manner Experte zécke méi fir vun enger Immobilie-Blos ze schwätzen. De kanadesche Marché géing deem vun den USA a Spuenien gläichen, ier do d'Präisser drastesch gefall sinn. Och d'Ratingsagence Moody's sot rezent, datt Kanada ee vun de véier Staate mat der 'Triple A' Bewäertung ass, deenen hiren Immobiliemarché ufälleg fir ee Präis-Schock ass.

Géigemoosnamen

D'Stad Vancouver, déi mat engem ähnleche Problem kämpft, huet leschte Summer Moossnamen ergraff fir d'Spekulatioun ze bremsen. Toronto huet sech am Abrëll dorunner ee Beispill geholl. D'Stad huet eng Taxe vu 15 Prozent fir auslännesch Investisseuren agefouert an d'Hausse vun de Loyerspräisser limitéiert. Doriwwer eraus kruten d'Gemengen d'Méiglechkeet fir Steieren op de Proprietéiten z'erhiewen, déi eidel stinn.

Mee Kritiker warnen elo schonn, datt dës Moossnamen net vill wäerten déngen. Zu Vancouver hätte se zwar d'Hausse vun de Präisser gebremst, mee den Effekt wier nëmme vu kuerzer Dauer gewiescht. Am Mee gouf et éischt Unzeechen, datt de Marché zu Toronto sech berouegt hätt, soen Experten. De konkreten Effekt vun de Mesurë géif sech awer eréischt iwwer déi nächst Méint weisen.

Sécher ass, datt wann d'Immobilie-Blos zu Toronto platzt, d'Ekonomie vu Kanada ee grousse Problem hätt. D'Ekonomie vun der Groussregioun Toronto stellt nämlech 20 Prozent vum PIB vum Land duer. A mat de Schwieregkeeten an der Pëtrolsindustrie, wou d'Präisser stagnéieren, kéint Kanada mat enger Immobiliekris an d'Rezessioun falen, esou Experten.

Op Montréal plënneren?

Nach ass awer kee Grond fir ze panikéieren. D'Zentralbank mengt, datt di héich Verscholdung vun de Kanadier an d'Héije vun den Zënssätz op laang Dauer de Marché wäerte berouegen.

Bis d'Präisser dann erëm falen, gëtt et awer nach eng aner Léisung fir déi Leit, déi bei deenen héijen Immobiliepräisser nëmmen de Kapp kënne rëselen. An zwar an déi franséischsproocheg Metropol Montréal ze plënneren. Hei kaschten Immobilien nach am Duerchschnëtt d'Halschent vun deem, wat se zu Toronto wäert sinn.

An der Mediathéik:

Wirtschaftschronik / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Chantier.jpg
Logement

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry wëllt d'Gesetz iwwert d'Expropriatioun verstäerken, fir esou u méi bezuelbare Wunnraum ze kommen. Eng Astellung déi d'Koalitiounspartner net matdroen.

Guy Entringer.JPG
"Société Nationale des Habitations à Bon Marché"

D'SNHBM wäert hiert Zil vun 250 neie Wunnengen erreechen, seet den Direkter Guy Entringer. D'Kapital géif ëm 10 Milliounen erop gesat ginn. Mee der SNHBM géing et u Visibilitéit feelen.

Risiko Immobilie-Marché
Immobiliemarché

Den EU-Systemrisiko-Rot warnt Lëtzebuerg. Déi héich Immobiliepräisser an d'Verschëldung kéinten ee Risiko duerstellen. D'Situatioun wier gréisstendeels ënner Kontroll, reagéiert d'Politik.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen