arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Stäremarsch vu Youth for Climate Lëtzebuerg

United for climate justice

|
reading time

2 min

Stäremarsch vu Youth for Climate Lëtzebuerg

Honnertdausende Leit weltwäit manifestéieren haut nees fir méi Efforten géint d'Klimaerwiermung. D'Beweegung Fridays for Future, déi vum Greta Thunberg an d'Liewe geruff gouf, hat dës ganz Woch Klimastreiker a Manifestatiounen organiséiert. Haut ass den Ofschloss an Héichpunkt dovunner.

reading time

2 min

Zu Lëtzebuerg huet Youth for Climate e Stäremarsch an der Stad organiséiert. Um dräi goung et vu véier Plazen aus lass bis op d'Clairefontaines Plaz, wou Rieden an aner Aktivitéite sinn. Net just Schüler a Jonker, mee all Generatioune goufen dës Kéier opgeruff, matzemaachen. Mir hunn e puer Leit op der Plaz gefrot, fir wat si bei der Manifestatioun haut derbäi sinn.

play_arrow Androck vun der Manifestatioun an der Stad

Nieft Youth for Climate, hu Greenpeace, d'Caritas an d'Gewerkschafte Landesverband, OGBL an LCGB d'Manif haut mat organiséiert. Och d'Kathoulesch Kierch huet sech associéiert. Déi amerikanesch Sängerin a Fraerechtsaktivistin Amanda Palmer ënnerstëtzt d'Klimademonstrante mat engem gratis Concert vun hire op der Clairefontaines Plaz.