Am Garer Quartier hu bannent de leschten zwee Joer vill Geschäfter hir Dieren zou gemaach. Véier Prozent vun de Geschäfter stounge virun dräi Joer eidel, elo sinn et bis zu 14 Prozent.
D'Ännerungen am Verkéier, d'Verschwanne vun de Parkplazen, de Brand am Parking Rousegäertchen, de Chantier vum Tram hätten all een negativen Impakt gehat.
Aner Akafszenter ewéi op der Cloche d'or hunn iwwerdeems eng jonk Clientèle ugezunn, déi elo op der Gare géif feelen, seet de Guill Kaempff, President vum Stater Geschäftsverband UCVL.
Loyere si gefall
A punkto Sécherheet géif een zu 100 Prozent hanner der Stater Gemeng stoen an d'Presenz vun den Agents de securité zanter Dezember begréissen. Parallel zum Tram sinn d'Bussen aus dem Stadkär erausgeholl ginn, et géif elo un Duerchgangsverkéier feelen, esou de Guill Kaempff.
Déi Al Avenue kéint no de Aarbechten um Chantier Tram erëm revaloriséiert ginn, mee do huet d'Pandemie net gehollef, seet de Guill Kaempff. Et bräicht een eng Reouverture vun de Caféen. Iwwerhaapt géif an deenen nächste Joren een Travail de fond ustoen, fir de Quartier erëm lieweg ze kréien.
Datt vill Geschäftsflächen eidel stinn, hätt ee méi positiven Impakt gehat op d'Loyeren, déi wiere jee no Objet tëschent 20 an 35 Prozent erofgaangen.