Revisioun vun der Verfassung Staatsrot: Onofhängegkeet vum Parquet an d'Verfassung

De Staatsrot plädéiert dofir d'Onofhängegkeet vum Parquet fest an der Verfassung ze verankeren. E widdersprécht domat der Chamber a kritiséiert se schaarf, well si an hirer Propositioun fir eng Revisioun vum Kapitel iwwer d'Justiz drop verzicht hat, ausdrécklech an den Text ze schreiwen, datt d'Procureuren onofhängeg sinn.

Maurice Molitor / cbi

Conseil d'Etat
De Staatsrot fënnt, dat d'Onofhängegkeet vum Parquet an d'Verfassung gehéiert

Well a Verfassungsfroen eng zwee Drëttel-Majoritéit néideg ass, hunn déi aner Fraktiounen dem Drock vun der CSV op deem Punkt noginn.

Déi gréisst Oppositiounspartei wollt am finalen Text keng Onofhängegkeets-Formulatioun fir de Parquet méi matdroen.

D'Argumentatioun vum Conseil d'État zu deem Punkt zitt sech iwwer 14 Säiten, also gutt zwee Drëttel vun deem 22 Säite staarken Avis.

Op eng Opposition formelle verzicht en, well dat Instrument am Fall vun der Constitutioun souwisou net spillt: iwwer Verfassungsännerunge muss egal wéi zweemol am Parlament ofgestëmmt ginn.

Méi zum Thema

Michèle Sinner Kommentar
Chronik

D'CSV wëllt wéinst hirem Sträit mat der Procureure générale der Onofhängegkeet vum Parquet kee Verfassungsrang méi ginn. Dat ass keng Reklamm fir déi gréisst Oppositiounspartei, mengt d'Michèle Sinner.

Léon Gloden
Verfassungsreform

De Léon Gloden schléisst trotz de ville kriteschen Avisen aus, datt awer nach eng total Onofhängegkeet vum Parquet als Prinzip an d'Verfassung stoe kënnt. D'Opportunité des poursuites kéint awer explizitt dra kommen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen