De Staatsrot hat a sengem éischten Avis nieft formellen Oppositiounen och eng Partie prinzipiell Bedenke formuléiert. Ënnert anerem gouf d'Fro opgeworf, op ee Land iwwerhaapt kéint, no internationalem Recht, en Urecht op Weltraum-Ressourcë geltend maachen.
De Rapporter vum Gesetzprojet iwwert de sougenannte "Space Mining", de Franz Fayot, gesäit doranner awer keng gréisser Schwieregkeet. Lëtzebuerg wier net dat éischt Land, dat esou en Text géif ausschaffen. "Amerika huet virun net all ze laanger Zäit en Text gemaach, deen op enger ähnlecher legaler Basis funktionéiert."
Groussen internationalen Interessi
Den 13. Juli ass de Gesetztext iwwert Space Mining viraussiichtlech fir de Vote an der Chamber. D'Attente vu baussen ass immens héich, dofir gouf och Drock gemaach, fir esou séier wéi méiglech iwwert d'Gesetz ofzestëmmen, sou de Franz Fayot.
"Et ass e ganz groussen Interessi vun internationalen Acteuren, vu Start-Up'en an dem Beräich a vu Wëssenschaftler fir de Standuert Lëtzebuerg do. Dofir ass et extrem wichteg, datt déi Opportunitéit genotzt gëtt. Dofir muss deen Text schnell approuvéiert ginn."
200 Milliounen Euro si bis ewell als Enveloppe vum Staat virgesinn. Déi ganz Envergure vum Projet Space Mining kéint een awer nach net viraussoen.
"Keng Garantie, wann een esou eppes mécht"
Et géing ee sech hei op engem komplett neien Terrain bewegen. Déi eenzeg Referenz, déi een hätt, wier d'Beispill vum Lëtzebuerger Satellitte-Bedreiwer SES, mengt den LSAP Deputéierte Franz Fayot.
"Do ass och deemools gesot ginn, dat wier e verréckte Projet. Datt et méiglecherweis e Faass ouni Buedem wier. Et ass awer schlussendlech e risege Succès gi fir eist Land. Et huet een ni eng Garantie, wann een esou eppes mécht. Mä mir hunn awer eng ganz Rei Acteuren, déi un der Spëtzt si vun hirem Fach, an elo scho groussen Interêt zu Lëtzebuerg umellen. An elo scho prett sinn, sech hei nidderzeloossen. Sou datt de ganze Projet awer ënner engem relativ gudde Stär steet."
Esou ee Projet misst een op laang Dauer gesinn, esou de Franz Fayot. Et kéint Joren daueren, bis een éischt Resultater géif gesinn. Mä wann een d'Chance hätt, fir esou fréi an eng nei Industrie eranzeklammen, déi esou e Potential géing weisen, da misst een déi notzen.