Geheimdéngschtaffär Srel-Prozess Ufank 2019?

Et gëtt en zweeten Ulaf geholl fir de Srel-Prozess. De Geriichtsprozess iwwer d'Geheimdéngschtaffär kéint Ufank 2019 iwwer d'Bühn goen, esou de Justizspriecher op Nofro hin. De Srel-Prozess war schonn eng éischte Kéier Enn 2017 ugesat. E war awer nees kuerzfristeg ofgesot ginn, well et Terminproblemer goufe beim Jean-Claude Juncker. De fréiere Premier muss am Prozess als Zeien aussoen. Den Ament géif d'Verwaltung no passenden Datume sichen an no an no déi verschidden Parteie kontaktéieren fir ze kucken, wéi hir Disponibilitéite sinn.

Jean-Claude Franck / cz

Mille-Schneider-Kemmer
Marco Mille, Fränk Schneider, André Kemmer

E Prozess nach an dësem Joer wier quasi ausgeschloss, well et am Hierscht wéinst anere gréissere Prozesser terminlech Contraintë ginn.

Dräi Persoune musse sech viru Geriicht veräntwerten: De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng zwee fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider. Si kréie virgehäit, geheim Informatiounen aus dem Geheimdéngscht matgeholl a weidergeleet ze hunn. An de Geschäftsmann an Techniker Loris Mariotto illegal ofgelauschtert ze hunn.

Datt et esou laang gedauert huet fir de Prozess nei unzesetzen, läit u Plainten, déi de Marco Mille an de Fränk Schneider Enn 2017 gemaach hunn. Si hunn eng vun de Piècen am Dossier vum Untersuchungsriichter kontestéiert. Ouni Erfolleg: Déi Plaintë sinn als net fondéiert verworf ginn. Dat huet d'Chambre du Conseil vun der Cour d'Appel d'lescht Woch confirméiert.

D'Srel-Affaire war ee vun de groussen Ausléiser fir d'Neiwahlen am Oktober 2013. D'CSV-LSAP-Regierung vum Jean-Claude Juncker ass an d'Bréch gaangen, nodeems eng ganz Partie Dysfonctionnementer am Geheimdéngscht bekannt goufen. Am Srel-Prozess, deen d'nächst Joer soll iwwer d'Bühn goen, geet et just ëm een Deel vun der Affaire. Aner juristesch Volete si verjäert oder nach an der Instruktioun.


De Jean-Claude Franck am Panorama um 12 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Kommentar
SREL

De Frank Schneider hätt gär, datt de Rapport vun der SREL-Enquêtëkommissioun de-publizéiert gëtt. D'Wort schreift, dat géif fir "Wirbel in der Politlandschaft" suergen. Dobäi gëtt et dofir kee Grond.

Jean-Claude Juncker.jpg
SREL

De SREL-Prozess gëtt op d'nächst Joer verluecht. Beim Jean-Claude Juncker wier eppes Onprevisibeles dotëschent komm. Den neien Datum fir de Prozess ass nach net festgehale ginn.

Mille-Schneider-Kemmer
Geheimdéngscht-Affaire

Den éischten Dag am Geheimdéngscht-Prozess ass den 29. November. De fréiere Geheimdéngscht-Chef Marco Mille a seng fréier Mataarbechter André Kemmer a Fränk Schneider musse sech viru Geriicht veräntwerten.

Benoit Majerus
Geheimdéngscht

Zwee Historiker solle bannent zwee Joer d'SREL-Archive vun 1960 bis 2001 opschaffen. De Benoît Majerus, deen am zoustännegen Evaluatiounscomité sëtzt, hofft datt den Delai verlängert gëtt.

Archiven Exklusiv
Geheimdéngscht

D'Historiker Jean Reitz an Nadine Geisler goufe beoptraagt, fir d'SREL-Archiven aus de Joren 1960 bis 2001 opzeschaffen. Déi Informatioun huet de Staatsministère dem radio 100,7 confirméiert.

Jean-Claude Franck Meenung
Kommentar

Déi aktuell Affär ëm eng illegal SREL-Ecoute weist, datt sech d'Attitude vun der Politik a Punkto Geheimdéngscht iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar vum Jean-Claude Franck.

Telefonsecoute.jpg
Geheimdéngscht

De Geheimdéngscht huet eng Persoun méi laang wéi autoriséiert ofgelauschtert. D'Regierung, d'SREL-Direktioun an d'Kontrollkommissioun hunn d'Justiz net saiséiert. D'Oppositioun kritiséiert dat.

D’Verhandlungen iwwert en neie Gehälteraccord an der Fonction publique hu gutt ugefaang. Fir béist Blutt suergt allerdéngs d’Reform vum SREL-Gesetz.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen