Kommentar SREL: Never Again? Schéi wier et!

De Jean-Claude Juncker huet 2013 wéinst der SREL-Affär missen demissionéieren. Véier Joer méi spéit suergt nees eng illegal Ecoute vum Geheimdéngscht fir Opreegung. Déi aktuell Affär wéist, datt sech d'Astellung vun der Politik a Punkto SREL iwwerhaapt net geännert huet. E Kommentar.

Jean-Claude Franck

Meenung Jean-Claude Franck
Jean-Claude Franck

Aacht Joer sinn et hir, datt ee SREL-Mataarbechter anonym Bréiwer un d'parlamentaresch Kontrollkommissioun geschéckt huet, fir ënnert anerem eng Wirtschaftsmissioun vum Geheimdéngscht an den Irak ze denoncéieren. A wéi huet d'Kommissioun ënnert dem Virsëtz vum deemools grénge Fraktiounschef François Bausch reagéiert? Fir d'alleréischt hunn d'Deputéiert gemengt, de SREL sollt emol erausfanne wéi en Agent anonym Bréiwer duerch d'Landschaft schéckt. Dono huet d'Kommissioun sech mat e puer Erklärunge vum Marco Mille iwwer d'Irak-Missioun zefridde ginn, an d'Thema war ofgeschloss.

Wéi de radio 100,7 véier Joer méi spéit opgedeckt huet, datt de SREL ekonomesch Missiounen an den Norde vum Irak organiséiert huet, obwuel dat gesetzlech net esou virgesi war, war d'Indignatioun grouss: och vun deene Politiker, déi 2009 net de Reflex an d'Gewëssen hate fir hirer Kontrollfunktioun gerecht ze ginn. Och wéi d'Kontrollkommissioun informéiert gouf, datt de SREL de Premier selwer ouni deem säi Wësse mat enger Auer opgeholl huet, ass dat net beim Parquet gemellt ginn. "Hätte mir gewosst, wat do alles gelaf ass, hätte mir natierlech anescht reagéiert", hunn déi Meescht sech justifiéiert.

"Never change a winning team"

Elo, am Joer 2017, hu mir en neit SREL-Gesetz, eng nei Kontrollkommissioun, eng nei SREL-Direktesch an eng nei Regierung. Beim Vote vun der SREL-Reform virun engem knappe Joer sot den DP-Rapporter Eugène Berger: "D'Chamber huet hir Missioun erfëllt. Dofir wier et gutt, wann och d'Justiz hir Aarbecht (iwwer d'SREL-Affaire) kéint ofschléissen, (...) fir datt mer definitiv kënne soen: Never Again".

Schéi wier et! Mä leider ass d'Realitéit eng ganz aner. D'Kontrollkommissioun, dës Kéier ënnert dem Virsëtz vum CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler, huet virun engem Mount nees en illegale Virgank rapportéiert krut, a si huet sech nees mat den Erklärunge vun der SREL-Direktioun zefridde ginn. Et hat nees keen de Reflex, d'Informatiounen un de Parquet weider ze ginn, sou datt de Parquet sech finalement selwer saiséiert huet. Fënnef vu sechs politesche Parteien an der Chamber woussten dovun, nieft dem Staatsministère an der SREL-Direktioun, a keen huet eppes ënnerholl.

Och wann et just no engem Prozedurfeeler ausgesäit: Wie verséchert eis, datt net méi dohannert ass? A wie schützt d'Rechter vun där Persoun, déi illegal ofgelauschtert gouf? Et ass e Skandal, mä eigentlech och keng Iwwerraschung: D'Politik huet déi falsch Attitude an déi falsch Agenda, fir eng objektiv a seriö Kontroll am Sënn vum Rechtsstaat.

Keen Zoufall

Donieft awer mierke mir an dëse Wochen nach eppes anescht: Et geet nees méi iwwert de SREL Rieds. D'Press huet gemellt, datt et eng rezent illegal Ecoute gouf an datt d'Autorité Nationale de Sécurité, déi och der SREL-Direktioun ënnersteet, en negative Sécherheetsavis iwwert de Lëtzebuerger Ambassadeur a Russland formuléiert huet. Et ass nees Beweegung am SREL-Dossier, an dat ass keen Zoufall.

De Parquet huet 100,7-Informatiounen no an engem Volet vun der SREL-Affaire e Renvoi gefrot. Et ass elo un der Chambre du Conseil ze confirméieren, ob déi fréier SREL-Mataarbechter Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer viru Geriicht kommen. An interessanterweis hu mir bis elo ëmmer erlieft, datt wann déi fréier SREL-Agenten an de Mëttelpunkt geréckelt sinn, datt och vill méiglech aner Leit mat era gezu goufen, zu Recht oder Onrecht. Dëse Radio gouf virun e puer Woche vun engem Presseorgan aus Groussbritannie kontaktéiert fir sech bei Recherchen iwwer de Jean-Claude Juncker guidéieren ze loossen. Dobäi hu si duerchblécke gelooss, mat fréiere Geheimdéngschtmataarbechter geschwat ze hunn...

Kommentar vum Jean-Claude Franck

Méi zum Thema

Pol Urbany
Geheimdéngscht

Amplaz no der Fuite am Geheimdéngscht ze sichen, misst ee sech mat der illegaler SREL-Ecoute selwer beschäftegen, mengt den Affekot Pol Urbany. Et wier "oséiert" dës penal Infraktioun erofzespillen.

Gast Gibéryen.JPG Exklusiv
Geheimdéngscht

De Parquet enquêtéiert, well d'Informatioun iwwer eng illegal SREL-Ecoute public ginn ass. An d'Chamberkontrollkommissioun wëll vum Gast Gibéryen (ADR) wëssen, firwat hie fréi vun der Ecoute wousst.

Justiz
Geheimdéngscht

An der Affär ëm eng illegal Ecoute beim Geheimdéngscht huet sech d'Justiz elo ageschalt. Regierung, SREL-Direktioun a Chamber-Kontrollkommissioun wollten de Fait net denoncéieren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Presserevue

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen