arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sporting Portugal: Huet dat laangt Waarden en Enn?

Sport Aktuell

|
reading time

2 min

Sporting Portugal: Huet dat laangt Waarden en Enn?

Wien u Veräins-Fussball a Portugal denkt, deem komme fir d'éischt d'Nimm Benfica an FC Porto an de Kapp. Mee et gëtt nach eng drëtt grouss Ekipp am Land: Sporting Portugal, déi wäiss-gréng Ekipp vu Lissabon, och bekannt als d'Léiwen.

reading time

2 min

Déi leschte Kéier, datt Sporting Portugal Champion gouf, war 2002. deemools goufen et nach keng Smartphones an zu New York goufen nach d'Ruine vum World Trade Center opgeraumt.

D'Supportere vum Sporting Portugal zu Lëtzebuerg treffe sech zu Déifferdeng.

Zanterhier huet Sporting just véiermol déi portugisesch Coupe gewonnen, eng enttäuschend Zäit fir e Veräin mat groussen Ambitiounen. Mee mat engem momentane Virsprong an der Tabell vun néng Punkten, mat nach zwielef Matcher ze spillen, kéint et dëst Joer endlech nees klappe mam Championstitel.

Mat engem Benfica-Trikot kënnt een hei net eran...

De Simon Larosche ass de Sëtz vum Sporting-Supporterclub hei am Land besiche gaangen an huet sech mat fervente Fans ënnerhalen, déi endlech nees aus dem Schied vu Benfica an FC Porto wëllen erauskommen.

play_arrow Lauschtert dee ganze Reportage hei