Olympesch Spiller Speziell Olympesch Spiller

Déi éischt Competitioune bei den Olympesche Spiller zu Tokyo hunn dëse Mëttwoch scho statt fonnt, zwee Deeg virun der Ouverturesfeier am Olympesche Stadion. Zu Fukushima, iwwer zwee honnert Kilometer vun Tokyo ewech huet d'Softball-Equipe vu Japan hier éischt Victoire gefeiert. Och Fussball gouf scho gespillt, all Kéier virun eidelen Tribünen. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther. Hie beschreift wéi et ass des extraordinär Olympesch Spiller ze couvréieren.

Philipp Crowther / cz

Philippe Crowther Tokyo
De Philipp Crowther zu Tokio vum Balcon vu sengem Hotelszëmmer

Lauschteren


Ee vun de renomméiertste Journalisten an Experten a Saachen Olympia krut gesot, datt hien dës Spiller gréisstendeels aus sengem Hotelszëmmer wäert erliewen. De Philip Barker, an och d'ganz BBC-Equipe aus Schottland musse 14 Deeg laang an d'Quarantän, well se ze no un e Passagéier komm sinn, dee fir de Covid-19 positiv getest gouf, op hire Flich fir op Tokio.

Hir Fäll leeden zu méi Nervositéit a Frustratioun, déi vill vun eis hei zu Tokio spieren. Och wann mir privilegéiert sinn hei ze sinn, sinn eis Beweegungen dach ganz limitéiert. Mir däerfe vun eisen Hoteller an de Medienzenter goen, oder éischter gefuer ginn, an op d'Site vun de Competitiounen, awer nëmme mat Busser an Taxien, déi vun den Organisateuren zur Verfügung gestalt ginn. All Kontakt mat der japanescher Ëffentlechkeet soll vermeit ginn. Et gëtt erwaart datt mir eis net mat hinne vermëschen, an net duerch d'Stroossen ze goen. Eng immens frustréierend Erfarung an enger esou interessanter a vibranter Stad wéi Tokio.

Strenge Kader géint Covid

De Kontakt mat de Sportler gëtt och op e Minimum gehalen. D'Olympescht Duerf a seng temporär Awunner si gréisstendeels hanner zouenen Dieren. All improviséiert Reuniounen oder kuerz Interviewe sinn net méiglech. Déi meescht vun deene mussen iwwer Video gemaach ginn.

Mir wäerten awer an der ganz glécklecher Positioun sinn déi sportlech Eventer perséinlech kënnen ze gesinn, am Géigesaz zu de Japaner an all Auslänner och. Dës Olympesch Spiller fannen hannert zouenen Diere statt.

De japanesch Fernsee erënnert eis och un d'Reegelen. Keng Interviewe mat de Leit op der Strooss, a keng Reese ronderëm Tokyo, wann ech gelift.

D'Angscht ze no bei een ze kommen, dee fir de Covid-19 kéint positiv testen ass ëmmer present. Deeglech Tester um Ufank vun de Spiller sinn obligatoresch, mee Impfungen net.

Méi zum Thema

Bob Bertemes
Am Gespréich

De Bob Bertemes hat sech fir d'olympesch Spiller 2020 zu Tokyo qualifizéiert. Wéinst der Pandemie goufen déi bekanntlech verluecht. Am Gespréich erzielt de Kugelstousser, wéi dat säin Training beaflosst huet.

André Hoffmann
Sport

Den nationalen olympesche Comité fuerdert, datt Lëtzebuerger Athleten, déi bei den olympesche Spiller zu Tokio untrieden, esou séier ewéi méiglech geimpft ginn. De COSL-President hofft, datt d'Regierung hiren Impfplang nach ännert.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen