Den Haff huet an zwee Sätz matgedeelt, datt den Albert Wildgen sech no 12 Joer laange gudden a loyale Servicer zréckgezunn hätt, an datt den Norbert Becker vun haut un d'Funktioun vum Albert Wildgen iwwerhëlt.
De Geschäftsaffekot Albert Wildgen huet eisen Informatiounen no demissionéiert wéinst der aktueller Situatioun um Haff. E puer Méint nom Rapport vum Regierungsbeoptraagte Jeannot Waringo fir eng Reform vum Fonctionnement vun der Monarchie ginn et den Ament Spannungen.
Michel Heintz ass nach Chef de Cabinet
D'Yuriko Backes, zanter dem 1. Juni déi nei Maréchale de la Cour, wëllt dem radio 100,7 keen Interview zu dësem Theema ginn a géif Detailer iwwer Personaldossiere vum Haff och net kommentéieren.
Schrëftlech deelt den Haff op Nofro hi mat, datt de Michel Heintz nach Chef de Cabinet vum Grand-Duc wier. Sollt et zu personellen Ännerunge kommen, Esou géif den Haff dat matdeelen.
D'Ëmsetze vum Waringo-Rapport wier fir d'Yuriko Backes "primordial a prioritär", deelt den Haff eis mat. Si géif "op eng intensiv Aart a Weis" zesumme mam Grand-Duc a mat der Regierung, respektiv mam Staatsministère, "Hand an Hand" schaffen, fir de Reformprozess "esou séier wéi méiglech duerchzezéien".
Wéi den Onlinemagasinn reporter.lu gëschter gemellt huet, a mir et confirméiert kruten, huet den Haff Enn Mee de Chef de Cabinet vum Grand-Duc entlooss. Eréischt no enger Interventioun vum Premier Xavier Bettel wier d'Kënnegung zeréckgezu ginn.